Story erzählt, Thema verfehlt.

Entries from January 2008

Index Blogarum: en Aperçu

January 25, 2008 · 4 Comments

Mir kennen se (bal) all d’Blogbuerg. Als extensivsten Index vun der lëtzebuergescher Blogsphär spillt dësen Site eng wichteg Roll an der Etabléierung vum Medium WeBlog an der lëtzebuergesch-sproocheger Gesellschaft.

(more…)

Categories: Dokumental · National
Tagged: , ,

Bon, fänke mer un

January 23, 2008 · 9 Comments

Hei hu mer dann den éischten Post vun Sheep-thoughts.

Dat ass zwar net dat wat als Titel do steet mee dat ass egal. Wann de Grommel dat därf, ma dann därf ech dat och.

Sheep-toughts soll ursprünglech en Textblog ginn, mat ouni Foto also. Lo kann et awer geschéien dass sech munchmol eng Symbolfoto aschläischt, oder och en “acouchéierten” Video. Wéi dat eben sou geschitt op engem Blog am Joër 2008. D’Bedeitung vum Numm hun ech nach net esou ganz eraus, et huet op alle Fall eppes mat dem “Troupeau” ze dinn, mat der Mass, dem Mainstream. Dat soll main Denkustouss sinn fir dëse Blog. Weiderhin probéieren ech dat Ganzt an engem méi oder manner korrektem Lëtzebuergesch ze verfaassen.

Voilà, dat ass Alles wat mer am Moment dozou afällt. Den éischten Content gëtt et dann deemnächst.

Categories: Lokal
Tagged: , ,