Hei hu mer dann den éischten Post vun Sheep-thoughts.
Dat ass zwar net dat wat als Titel do steet mee dat ass egal. Wann de Grommel dat därf, ma dann därf ech dat och.
Sheep-toughts soll ursprünglech en Textblog ginn, mat ouni Foto also. Lo kann et awer geschéien dass sech munchmol eng Symbolfoto aschläischt, oder och en “acouchéierten” Video. Wéi dat eben sou geschitt op engem Blog am Joër 2008. D’Bedeitung vum Numm hun ech nach net esou ganz eraus, et huet op alle Fall eppes mat dem “Troupeau” ze dinn, mat der Mass, dem Mainstream. Dat soll main Denkustouss sinn fir dëse Blog. Weiderhin probéieren ech dat Ganzt an engem méi oder manner korrektem Lëtzebuergesch ze verfaassen.
Voilà, dat ass Alles wat mer am Moment dozou afällt. Den éischten Content gëtt et dann deemnächst.
9 responses so far ↓
strawdog // January 24, 2008 at 10:27 am |
Bonjour! Fillen mech geéiert, dass ech hei zitéiert ginn
Sinn op däin Blog gespaant. Den Look an deng Art a Weis sinn mol villverspriechend!
Fireball // January 24, 2008 at 9:12 pm |
Ech sin och gespaant an soen schon mol merci fir de Link an der Blogroll
Max // January 24, 2008 at 9:13 pm |
Et ass naischt, ech si quasi gesellschaftlëch dozou verpflicht.
strawdog // January 25, 2008 at 10:51 am |
Ah, du mëss dat also nëmmen wells de verpflicht bass an net wells de eis Siten gudd fënns?
Max // January 25, 2008 at 11:27 am |
Deels deels. Et ass Utilitarismus. Wann ech Ierch all verlinken stärkt dat d’Sphere. Wann et der Sphere besser geet, geet et mengem Site besser. Dat ass lo dat éischt wat mer afällt an et muss net stemmen. Mee dat wir schon en Thema fir en klengen Essay nee?
Déi di am Blogroll (féminin oder masculin?) optauchen sin hei einfach all déi pertinentst an établéiert.
strawdog // January 25, 2008 at 11:37 am |
Utilitarismus ass jo net onbedengt eppes Schlechtes.
Max // January 25, 2008 at 11:44 am |
Nee muss net. Interkonnektivitéit bréngt eis alleguerten eppes.
strawdog // January 25, 2008 at 1:04 pm |
Dat stëmmt.
bloGeescht // January 25, 2008 at 11:42 pm |
Villmools merci fir zu de ‘pertinentesten an établéiersten’ lëtzebuerger Blogs gezielt ze ginn. Ech maachen lo och mol direkt eppes fir d’Sphere.