Story erzählt, Thema verfehlt.

“Pinochet est un héro!”

February 6, 2008 · 3 Comments

Sou gesot vum Kate O’Beirne op der dësjoreger Con-Croisière. Ganz ähnlech geet et weider: Am Irak gëtt de Krich gewonnen, an Europa iwwerhuelen d’Musulmanen an zu Abu Ghraib gëtt keen torturéiert. Eng Absurditéit no der Aanerer, en Trëtt an d’Mogéigend vum denkende Mënsch: Amerikaneschen Konservatismus.

Ech wëll opmierksam maachen op “En croisière sur le “Titanic” de la droite américaine”, en Artikel vum Johann Hari am Monde diplomatique vun dësem Februar. En Bléck duerch den republikaneschen Brëll, Mark: “America Alone”. En Bléck op en absurd Weltverständniss, mat Onwourechten iwwerlueden wéi en indeschen Zuch. Dat ass et wat den Hari op deem Schëff dokumentéiert. En impressionanten Reportage iwwert d’Tendenzen an der amerikanescher “Droite” deen mat erschreckenden an absurden Zitater vun den diversen Acteuren en Argument fir dem Chomsky seng “We rule the World“-These duerstellt.

Beim liesen vum Text gëtt een erstaunlech oft un aal Zaiten erënnert. Zaiten iwwer déi een schon gelies huet, z.b. deemols an der “Histoire de la pensée politique”, am Kapitel iwwert den Hobbes. Zaiten an deenen d’Mënscherechter net existent waren.

Mee, si mer mol éierlech, wee brauch Mënschenrechter? Ass dat net nëmmen Ballast um Wee zur Weltherrschaft?

Categories: Monumental
Tagged: , ,

3 responses so far ↓

  • strawdog // February 7, 2008 at 10:41 am | Reply

    Den Problem kënt emmer, wann Läit mengen, dass sie besser wéissten, wéi all die aner wat lo definitiv richteg a gudd wier an déi Vue dann jiderengem oppressen wëllen.

    An et sollt an der Teschenzäit kloer sinn, dass die amerikanesch Droite op Mënschenrechter päifft.

    D’Regierung huet lo no Joeren zouginn, dass sie awer Waterboarding man. Mee dat ass awer keng Folter. Punkt. Sou einfach ass dat. Problem geléist.

  • Max // February 7, 2008 at 10:47 am | Reply

    Vertrauen heescht awer drun ze gleewen…
    En Fakt ass och hir Iwwerzeegung dass Musulmanen amgaang sinn Europa ze iwwerhuelen. Well déi méi Kanner kréien.

  • Columbo // February 8, 2008 at 11:05 am | Reply

    Freet mech datt et och Blogger gin dei liesen an schreiwen kennen, an net nemmen dofunner Gebrauch maan vir hier Weltunsiicht nom Motto “ech sin cool an dir alleguerten sidd schaiss”, ennert d’Leit ze posaunen.

    De Monde diplomatique as definitiv eng wierklech liesenswert Zeidung, mat excellenten Journalisten an interessanten Themaen quer duerch de politeschen Gaart, Kulturbeiträg an Literaturverweiser!

    Trotzdem well ech kuerz unmierken datt oft iwert dei houren Amien geschwat gett dei keng Kultur hun an dei dei aaneren och nach wellen opzwengen, chreschtlech Fundamentalisten dei den Neoliberalismus als Waff geint all dei beis Ongleeweg benotzen, mee wann mer eierlech sin as Europa keen Fatz besser. An grad Letzebuerg hätt vlait besser sech an den eegenen Vull ze baissen amplaatz sech iwert onkultiveiert Extremisten opzereegen.

Leave a Comment