Story erzählt, Thema verfehlt.

Guitar Hero, kulturkritesch

February 13, 2008 · 21 Comments

Eng Wunneng, e puer Leit, Stadium: Pre-Party. Den Fernseh gëtt ugemaach, Guitar Hero lued. Wat geschitt?

Den Ënnerhalungs-System gëtt betruecht, analyséiert an den Controller (also d’pseudo-Gittar) gëtt als witzeg klassifizéiert, virun allem wëll en tatsächlech ausgesait wéi eng kleng Gittar. Nodeems och déi lescht Persoun am Raum de Sachverhalt erklärt krut kann et lass goen, en Lidd gëtt ausgesicht. D’existent Gespréicher verstommen, d’Blécker sinn op de Bildschierm geriicht. En ahnungslost Opfer probéiert sech un engem einfache Lidd. D’Spannung baut sech op währenddeems den Ënnerhalungs-System lued. Net nëmmen d’Rechenleeschtung vun den Konsolen huet sech vergréissert, och hir Luedezaiten.

Genuch Zait fir ronderem sech ze kucken: d’Kommunikatioun ass um Déifpunkt an d’Leit huelen eng Schlupp aus hirem Glas. Den Blëckkontakt zum Bildschierm bleiwt bestoen, déi mental Aktivitéit beschränkt sech op Waarden. Keen denkt méi un d’ULB an hir Budget’s-Probleemer. Kee Gedanken gëtt verschwend un onfair Examen an wat een dogéint kann ënnerhuelen. En Mangel un Personal ass en Deel vun der bréisseler Réalitéit. Zréck an d’Simulatioun.

Un der klenger witzeger Gittar sin Knäppecher déi wëllen gedréckt ginn, an zwar genau dann wann de System et wëll. Domadder huet d’Meedchen mat den laangen brongen Hoer sichtbar Schwieregkeeten. Hatt ass keng Guitar Heroine, dat ass kloer. E Schmunzelen geet duerch d’Ronn nodeems d’Crowd seng miserabel Virstellung ausgebuht huet. Hatt ass rosen iwwert dat blöd Spill, et schummt sech fir seng Performance.  Den Noper graift sech den Controller.

No dem Song ass virum Song.

Categories: Dokumental

21 responses so far ↓

  • Thierry // February 13, 2008 at 9:11 pm | Reply

    An ech kann stolz behapten: ech hunn et nach ni gespillt, an et reizt mech och guer net et ze probéiren. Dann léiwer richteg Gitarre. :)

  • Max // February 13, 2008 at 9:13 pm | Reply

    “Dann léiwer richteg Gitarre” war méng Grondidee.

  • strawdog // February 15, 2008 at 7:23 am | Reply

    Ech kennen d’Spill och net, kéint mer awer virstellen, dass et als Partyspill, kuerzzäiteg, witzeg kéint sinn?

  • Max // February 15, 2008 at 7:54 am | Reply

    Ech hu mech dann net ganz kloer ausgedréckt. Eng Party bei där esou eppes zum Asaatz kënnt befënnt sech an engem komatösen Zoustand. Eben wéinst dem Fernseh. En Bildschierm op enger Party ass wéi Zyankali.

  • Georges // February 15, 2008 at 11:11 am | Reply

    Wow. Geniale Post. An duerch däi leschte Kommentar nach getoppt. Weider esou op dëser Plaz! :)

  • Max // February 15, 2008 at 2:51 pm | Reply

    Merci! Ech gi schon ganz rout.

  • Fireball // February 16, 2008 at 1:59 pm | Reply

    Et soll effektiv Leit gin, déi sech vir ze spillen treffen an kurzweileg Spaß dorunner hun. Mee daat hängt vun de Leit oof, an wuehl vill vum Zweck vum Zesummensinn.
    Danzmatten maachen iwregens nach méi Spaß.

  • Max // February 16, 2008 at 2:37 pm | Reply

    Voilà, den Zweck vum Zesummensinn. En Owend mat Kolleegen déi Guitar Hero spillen ass en aanren Kontext. En Kontext an deen ech mech net wëll beginn well deen kuerzweilege Spaass vill ze kuerzweileg ass. Et beschränkt sech op, soe mer 10 Minuten.

  • strawdog // February 17, 2008 at 3:29 pm | Reply

    Max:

    Ok, dat mam Ecran stëmmt schon. Mee well et hei net einfach kucken, mee spillen ass fannen ech et net ganz esou krass …

  • Max // February 17, 2008 at 3:57 pm | Reply

    Et ass rem en weideren Schrëtt an Richtung Simulatioun. Sech an deenen Aaneren beweisen wéi gudd een an deem Punktesystem ass. Meng Kritik riicht sech net nëmmen un den Kontext an deem d’Spill gespillt gëtt mee och un d’Spill selwer. Et ass Zaitverschwendung an deem Sënn dass déi Zait net genotzt gëtt fir tatsächlech sozialen Kontakt ze hunn.

  • Misch // February 22, 2008 at 4:07 am | Reply

    “Keen denkt méi un d’ULB an hir Budget’s-Probleemer….”

    also, ass ett net dorem woubai ett beim spillen geet ? Soss war ett monopoly haut ass eben alles digital. ass eben dei digital revolutioun och op der party.
    ech muss soen dad ech gaeren mat leit zesummen kommen fir ze spillen. mee wann ech op eng party gin dann haasen ech den fernseh mei wei alles anescht.
    mee analog (duebelen senn vum wuert WOW ) fannen ech och gesellschaftspiller mies.

    den eigentlechen problem ass dad den competitiouns gedanken net op eng “party” geheiert. soubaal deen anzieht kann een amfong heem goen well dann leeft s.w.s keng mei.

  • Max // February 22, 2008 at 7:18 pm | Reply

    E gewëssen Compétitiouns-Gedanken ass emmer do, ëmmerhin si mer jo ënner Lëtzebuerger, deen Punktesystem ass awer wierklech den Kär vum Probleem. Deen System léisst keng Kreativitéit zou, et muss een dat maachen wat e wëll. Gesellschaftsspiller lossen awer vill méi Kommunikatioun zou well een un engem Dësch sëtzt. D’Spill ass zwar den eigentlechen Mëttelpunkt mee vu que dass d’Spill net interaktiv ass gëtt een gezwongen mat den Leit ronderem ze schwëtzen. Bei engem interaktiven Spill trëtt een an Interaktioun mam Spill an muss sech op den Bildschierm konzentréieren. Do bleiwt wéineg Zait fir mat Leit ze schwätzen.

  • Misch // February 23, 2008 at 5:39 pm | Reply

    perseinlech geing ech dad als een gudden moment huelen fir seng rou ze hun :) an mat aaneren leit mei wichteg diskusiounen ze feiern waehrend ett bei deenen aaneren “brot und spiele” gett .. :D

  • xdevx // February 23, 2008 at 7:46 pm | Reply

    …as mer e bessen platt den text… einfach déi “computerspill-thematik” mat aaneren faarwen ausgemoolt…

  • xdevx // February 23, 2008 at 7:48 pm | Reply

    …domm as dat een seng eegen comments net editéieren kann, dofir mool sorry fir den doppelpost! ;)
    …ech kann mech mat guitar hero och net ufrenden, fir zesummen ze spillen gin et aaner spiller, an fir alleng ze spillen verléiert een séier d’loscht, well d’songauswahl dach zimmlech beschränkt as! do empfehlen ech audio-surf, eng meschung aus guitar hero, tetris an rennspill wou een, an dat as de clou, seng eegen lidder ranlueden kann fir duerchzespillen, dat rockt ouni enn! :) cheerio…

  • Max // February 24, 2008 at 12:21 pm | Reply

    D’Computerspill-Thematik ass eng Saach, d’Computerspill-Thematik an der Stuff am Mëttelpunkt op enger Party eng aaner. Nee?

  • xdevx // February 24, 2008 at 10:45 pm | Reply

    …compterspiller an iwwermooss schränken sozial kontakter an… op et lo deen 1337-gamer as deen léiwer de clanwar spillt oder mat senger gilde mutanten schluechten geet wéi mat de kolleegen een saften ze goen, futtball spillen, whatever oder op et op der party selwer as wou een sech mat guitar hero wegsomatiséiert… gehoppst wéi gesprongen!

  • Max // February 24, 2008 at 11:02 pm | Reply

    Den “1337-Gamer” befënnt sech an engem ganz aaneren Ëmfeld wéi den 0815-Partyteilnehmer.

    En x-beliebegt MMOPRG kann een net mat engem Spill wéi Guitar Hero verglaichen, dat sinn Äppel an Biren.

  • Misch // February 29, 2008 at 3:24 am | Reply

    Ett deed mer jo leed ze spen mee clanwar an massiver multiplayer spiller sin genau sou sozialen kontakt wei IRL kontakter. och mat deenen leit kann een eppes op d’been stellen, ett gin frendschaften an leit dei een net leiden kann, an ett gin idioten an Angeber. ech geing online-bekanntschaften net sou niedereg anstuffen dad ass secher eppes waat passeiert. an mir och selwer schon oft passeiert ass. ech hun ett aawer zu e puer kollegen um net bruecht.

  • Max // February 29, 2008 at 5:25 pm | Reply

    Ass dat lo sou riwwerkomm Misch? Dat wollt ech net bezwecken.

  • Misch // March 1, 2008 at 1:39 pm | Reply

    sorry beziit sech mei op den leschten post vum xdevx.

Leave a Comment