Den Yves Leterme huet et net liicht an de läschten Deeg. Knapps ass en aus dem Spidol, scho kritt en vun eisem allsaits beléiwten RTL ënnerstallt (Beweisstéck A) en géing zu den Tuutebattien vun der N-VA (Nieuw-Vlaamse Alliantie) gehéieren. Dat ass esou net ganz richteg, hien ass nämlech an dem CD&V, den Chrëscht-Demokraten. An och wann den CD&V an d’N-VA en Kartell forméieren (dat belscht Wuert fir Koalitioun), sou mëcht dat aus hinnen nach keng Parteikollegen.
Hei en Ausschnëtt aus dem läschten RTBF-Baitrag: “Le SP.a, lui, a dénoncé un gouvernement des promesses non tenues et l’absence de décisions et attaqué lui aussi un cartel CD&V-NV-A, divisé, qui s’insulte par presse interposée. Attaqué surtout un CD&V, accusé de promettre toujours une grande réforme de l’Etat, mais d’en postposer toujours plus la date. Face à ce feu croisé, le CD&V a été forcé de répliquer qu’effectivement, il ne maintiendra sa confiance à un gouvernement Leterme I, fin juillet, que si il existe une vaste réforme de l’Etat.”

3 responses so far ↓
strawdog // March 3, 2008 at 4:58 pm |
Wéini spléckt d’Belge sech da lo?
Max // March 3, 2008 at 5:02 pm |
Genau an deem Moment wou zu Lëtzebuerg d’Kierch verschwënnt.
strawdog // March 4, 2008 at 8:41 pm |
Ok, dat kann jo dann nach e bessen daueren