Story erzählt, Thema verfehlt.

No dem Réchauffement planétaire…

March 1, 2008 · 6 Comments

…kënt lo d’Freeze-Well op eis duer. Mer wessen all dass se wärt kommen a mer schaffen schon kräfteg drun.

New York, London, Toronto, Edinburgh, Bréissel an deemnächst Paräis an natirlech och Lëtzebuerg. Op d’Initiativ vum Joel Brücher an Christian Stoltmann gouf den FREEZE-Blog Luxembourg opgemaach. Iwwert dëst Medium gëtt flaisseg no Aktivisten gesicht, umellen kann een sech dann iwwert den genannten Blog oder iwwert d’Facebook-Grupp. Mat den Memberszuelen geet et anscheinend méi oder wéineger virun. Vill Partizipanten sinn natirlech wënschenswärt, 50 Leit allerdings ginn awer scho baal duer fir d’Stater Gare ze “freezen”.

Zu Bréissel ass et, wéi schon ugedeit, haut zu souengem Event komm an zwar an der Gare Centrale. Wann een d’Photo gudd kuckt kann een riets am Hannergrond eng zolitt Trupp Journalisten erblécken. Wënschenswärt wär sou en Medieninteresse och zu Lëtzebuerg, zumol een dann den Namur jo scho voll hätt.

Nach en läscht Wuert zum eigentlechen Evénement: Mir ginn op wierksam Art a Wais mat der Relativitéit vun der Zait konfrontéiert, an dat ass, denken ech mol relativ wärtvoll. 5 Minuten ginn hautzudaags enorm schnell ëm, do kënt en kompletten Stillstand am öffentlechen Raum zur richteger Zait fir unzereegen. Ausserdeem léiert een vlait e puer Leit kennen, eng friddlech, sozial Saach also. A wat ass da schon falsch un eppes Sozialem?

Categories: International · Lokal
Tagged:

6 responses so far ↓

  • strawdog // March 3, 2008 at 4:57 pm | Reply

    Ech hunn d’Original super fonnt. Mee verléieren d’Kopien net e bëssen un Stil?

    An kéint ee sech d’Kommentarer vun de Läit zu Lëtzebuerg net scho virstellen, déi dat mat erliewen? ;)

  • Max // March 3, 2008 at 5:05 pm | Reply

    Ech sinn léiwer op engem Concert wéi en op Youtube ze gesinn, du net?

  • Misch // March 3, 2008 at 9:53 pm | Reply

    ass secher cool.

  • tom // March 4, 2008 at 5:48 pm | Reply

    Also ech hun näischt geint e bessen sozialiséieren…

  • Max // March 4, 2008 at 5:49 pm | Reply

    Voila, t’ass dat wat ech soen!

  • Joel Brücher // March 5, 2008 at 5:00 pm | Reply

    Bonjour.

    Villmools merci fir Promo iwwert dessen Blog.. fir puer Detailer ze nennen sin et bei Facebook mettlerweil iwwer 400 Memberen, ausserdem wat den Medieninteresse ugeet ass dat och schon gereegelt, RTL, ESSENTIEL, POINT 24 etc. sin op der Platz (an hoffentlech vill Blogger dei dat ganzt dann bloggen kennen) , den Datum steet fest an gett an denen nexten Deeg public gema.

    cu
    Joel Brücher
    freeze it !

Leave a Comment