En interessanten Face-à-Face an e puer interessant Äntwerten. Den Direktor vun FOE (Friends of the Earth) an den Managing Director vun Porsche Great Britain diskutéieren iwwert en Gesetzesprojet deen d’Besëtzer vun stark-polluéierenden Autoen an d’Keess rifft. A wéi mer wëssen gehéiert Porsche an éischter Linn zu den Fabrikanten vun héich-polluéierenden Autoen. Gréisstendeels Autoen déi irrealistesch héich (am legalen Sënn) Spëtzengeschwindegkeeten erreechen.
Et ass eng positiv Ofwécklung well engem kloergëtt dass een mat Wierder net alles verteidegen kann. Den Andy Goss (Porsche) muss staark astiechen, seng Argumenter beweegen sech op dënnem Äis. Hien probéiert duerch manipulativ agesaaten Zuelen ze punkten an versicht der UE d’Verantwortung fir net-zaitgemäss Antriebs-Konzepter an d’Schung ze leeen. An engem läschten Otemzuch gëtt dem Public d’Pseudo-Argumenter widderholl, PR aus dem Handbuch.
Wat iwwreg bleiwt ass en kloeren Gewënner. Den Tony Juniper ass calme wéi op engem Sonndegmoien an brauch sech nëmmen minimal unzestrengen fir seng iwwerleeen Positioun ze justifiéieren.
“Companies like Porsche have a major choice, they can either persist with their old business, put their head in the sand and try fighting these regulations or they can start to put their considerable expertise and engineering capacity into bringing forward much less polluting vehicles.”
P.S.: Déi Geschicht ass schon eng Zaitchen hir, schéngt mer awer pertinent genuch fir se lo réicht z’erwähnen. All Dag an enger Groussstat ass een Dag mat zevill Autoen.
0 responses so far ↓
There are no comments yet...Kick things off by filling out the form below.