Story erzählt, Thema verfehlt.

New Blogs on the Block

March 10, 2008 · 4 Comments

Kënt Zäit, kommen Blogs. Sou ass dat, och bei eis. Mee wat ass komm? We’ll take a look!

Do hu mer engersäits en Kultur-Blog mam Titel “Conceptless – Oder dach?” deen sech mat Musék, an zukünfteg och mat Filmer beschäftegt. Aus dem Clavier komm ass en dësen Februar. Als quasi éischten Bäitraag fënnt sech eng Momentopnahm vun der Lëtzebuergescher Musik-Szen. Den Auteur: “Sou wäit ech daat lo konnt gesin, ginn et net souvill Leit déi sou Themen behandelen. A wann jo, dann sinn déi Blog’en méi wéi subjektiv. Ech probéieren daat Ganzt mat enger méi objektiver Approche un ze goen. Waat natierlech schwéier ass, well virun allem Musik ëmmer eng Affaire de goût ass an deemno net wirklech kann objektiv sin.” Och wann sech hei réicht dräi Bäitreeg fannen, sou kann een sech awer schon en grafft Bild vum Resultat maachen. Ween et net liesen geet ass selwer Schold!

Anerersäits en Blog deen sech mat japanescher Pop- an Geekkultur auserneesetzt, Oyasumi. En speziellt Thema mee et kann een sech enger gewësser Demande sëcher sinn. Japanesch Jugendkultur geet hir eegen Wee’er an fënnt och an Europa Uklang. “Silent revolution” ass d’Stëchwuert, bericht gëtt hei iwwert alles wat mat “J-” uffänkt. Détailléiert an recherchéiert Posts iwwer Rock-, Pop- an TV-Staren inklusiv Erklärungen zu den jeweilegen Szenen. Ween sech wëll en Bild maachen kann ufänken mat dem Bericht iwwert den neien Album vum Ayumi Hamasaki, dem “most selling female J-Pop Artist”, eng grouss Nummer also. Froen sinn hei wëllkomm, den Auteur géing sech fréen sain Wëssen mat dem Lektorat ze deelen. 見てみなさい.

Et geet deemno virun; Lëtzebuergesch Blogs schéissen weiderhin aus dem Buedem sief deem gesot deen eis wëll vum Géigendeel iwwerzeegen. Och wann den gréissten Deel net zu Lëtzebuerg selwer verfasst gëtt (an dat ass och hei de Fall).

Categories: Blogal · National
Tagged: , ,

4 responses so far ↓

Leave a Comment