Story erzählt, Thema verfehlt.

Entries from July 2008

Change de chaîne pauv’ con! – Introduktioun

July 18, 2008 · 2 Comments

Dat heiten ass d’Introduktioun zu enger Serie Artikelen iwwert wichteg Leit an hir Implikatiounen am Medien-Zirkus. Et geet ëm den Sarkozy, den Berlusconi, Canal+ an Journalisten. D’Introduktioun bleift, fir hirem Character trei ze bleiwen iwwerflächlech an relativ faktelos, déi nächst Episoden wäerten allerdéngs méi novollzéibar sinn.

Mir kennen all den Nicolas Sarkozy, dee sympateschen klengen Mann mat der Hoken-Nues. Hien intresséiert sech fir Politik an ass, wéi mer wëssen, “Président de la République”. Wéi dat sou ass mat Politiker hunn se eng gewëssen Affinitéit fir Macht an dessen Perpétuitéit. Jee, fir sou eng Saach um Lafen ze halen brauch ee Kollegen; an ech mengen net déi di een um Internet kenne léiert. Nee, fir sou e Projet brauch een Leit déi ee scho laang kennt, besser ass et, ween hätt et geduet, wann déi Leit widerums och Leit kennen. Et gëtt der Saach nach méi Dynamik wann déi Kollegen a verschiddene Secteuren aktiv sinn; ech denken do un d’Industrie, d’Politik selwer an, wisou net, d’Mediebranche.

(more…)

Categories: International

Summerlachgedanken – 1

July 10, 2008 · 4 Comments

Categories: Dokumental

Continued

July 4, 2008 · 5 Comments

Ech sinn op déi subjektiv Schinn ofgezweicht. Nee, ech wëll a wärt keen nomaachen, keng Angscht. Hei ass nach net vill Content an a läschter Zäit ass glaat guer näischt bäikomm; sou soll et awer net bleiwen. Ech wärt deemnächst méi mat Journalismus maachen, wéisou net och dem gudden alen Textblog eng Chance ginn, d’war jo awer flott bis elo.

Verschidden Auteuren liest een, an et fänkt een un nozedenken, ze fillen wéi Sie. Vun deem Dag un wou een t’Buch opgeschloen huet, vun deem Dag un ass alles Aanescht. Wat géing hie maachen? Wat géing hie soen?

Mee ech komme vun der Bunn oof, wat ech eigentlech soe wollt, nee wat ech froe wollt: Iwwer wat soll ech schreiwen? Ech kann den Aussekorrespondent spillen, zu Bréissel, an deem Duerf an deem ech wunnen, ass emmer eng lass. Ech kann och de Lokalreporter spillen, soufern ech grad hei sinn, an dat wärt geschwenn de Fall sinn. Sot mer Bescheed, gitt mer de Sujet an ech ginn Ierch d’Story, vläit souguer mat Photo.

P.S.: Falls dat heiten net sollt klappen da wärt ech ënnergoen wéi en Mann: ech wärt einfach maachen wéi wann ech dat heiten nie geschriwwen hätt, och d’Langweil déi zu dem Post gefouert hunn wärt ech verleugnen. Voilà, do hudd der et!

Categories: Blogal