Dat heiten ass d’Introduktioun zu enger Serie Artikelen iwwert wichteg Leit an hir Implikatiounen am Medien-Zirkus. Et geet ëm den Sarkozy, den Berlusconi, Canal+ an Journalisten. D’Introduktioun bleift, fir hirem Character trei ze bleiwen iwwerflächlech an relativ faktelos, déi nächst Episoden wäerten allerdéngs méi novollzéibar sinn.
Mir kennen all den Nicolas Sarkozy, dee sympateschen klengen Mann mat der Hoken-Nues. Hien intresséiert sech fir Politik an ass, wéi mer wëssen, “Président de la République”. Wéi dat sou ass mat Politiker hunn se eng gewëssen Affinitéit fir Macht an dessen Perpétuitéit. Jee, fir sou eng Saach um Lafen ze halen brauch ee Kollegen; an ech mengen net déi di een um Internet kenne léiert. Nee, fir sou e Projet brauch een Leit déi ee scho laang kennt, besser ass et, ween hätt et geduet, wann déi Leit widerums och Leit kennen. Et gëtt der Saach nach méi Dynamik wann déi Kollegen a verschiddene Secteuren aktiv sinn; ech denken do un d’Industrie, d’Politik selwer an, wisou net, d’Mediebranche.
Déi Leit, also d’Décideuren oder och d’Decision-makers, kontrolléieren e gudden Deel vun engem Staat. Ausser natierlech mer schwätzen vun engem totalitäre Staat, sou zum Beispill Simbabwe oder, wéi béis Zonge behaapten, d’USA. Wann een also dovunner ausgeet dass e weesentlechen Deel vu Frankräich iwwert Medien an Industrie gesteiert gëtt, dann erschéngt et logesch sech an deen Environnement eran ze schaffen. A wéi sot den Hunter S. Thompson: Politik ass d’Konscht säin Ëmfeld ze kontrolléieren.
Déi Fro déi sech stellt ass: Wéi kontrolléiert een säin Ëmfeld? Ech géing dozou behapten dass een Gefale mëscht a Gefale gemaach kritt. Zumindest schéngt dat am Hexagon sou ze klappen. Natierlech huet dat näischt mat Frendlechkeet ze dinn, mer maachen eis näischt fir, knallhart Politik geet ëm knallhart Interessen. Et geet éischter ëm éirenhaft Geschäfter ënnert éirenhaften Geschäftsmänner. Dat ass alles ganz legitim. Mat Kontrakt, Service-après-vente an alles.
Legitim sees de?
Bei esou vill Popularitéit gëtt et natierlech och Neider, kritesch Journaliste-Wierm déi engem éirenhafte Mann wéi hien een ass e Strëch duerch d’Rechnung maachen wëllen. Déi ëm Irregularitéiten noweise wëllen. Als Paragraphe-Mann de Sarkozy mat Erstaunen, jo souguer Aggressioun an Onverständnis. Mee d’Kritik ass an deem Ganzen nëmmen e klengt Chapiter.
E méi grousst Kapitel an dem Buch ass zum Beispill dat iwwert de Fernseh, den Privaten. Do gëtt et eng helle Wull vun interessanten Kuerzgeschichten. Do kann et och mol virkommen dass esou illuster Gestalten wéi den Silvio Berlusconi oder de Martin Bouygues matspillen. Et gesäit ee vun all de Vernetzungen d’Spann net méi, quasi.
Da wier do och nach den Nuklear-Secteur, Stëchwuert Areva. Oder d’Implikatiounen an der Clearstream-Affaire. Jo an d’Bezéiungen mat dem Lasserre-Grupp. Vill méi wéi eng Affaire à suivre…
2 responses so far ↓
Georges // July 18, 2008 at 10:48 pm |
dat schéngt mer jo eng villverspriechend Serie ze ginn. ech si gespaant op d’suite.
Rentrée blogalle « Story erzählt, Thema verfehlt. // September 17, 2008 at 4:10 pm |
[...] Iwwert dat Ganzt ← Change de chaîne pauv’ con! - Introduktioun [...]