Story erzählt, Thema verfehlt.

Rentrée blogalle

September 17, 2008 · 1 Comment

Et ass halwe September, et geet rem lass. Dat gesäit ee schon um grammatikalësch-fiktiven Titel. Effektiv léisst di massiv Motivatioun et zou un Produktivitéit ze denken an, ënnert de richtegen Ëmstänn, fir d’Veröffentlechung vun e puer klengen Artikelen ze suergen. Ongeféier sou vill Artikele wéi Sonnestonnen.

Wat ass z’erwarden?

Et bien, eng Rëtsch Medien-Saachen. Dat geschitt parallel zu engem “serious business”-Cours mat engem “serious business”-Prof. Dat geet op alle Fall bei d’Gromperen. Ausserdeem géiff de Projet (e grousst Wuert fir en dënne Blog, ech wees) sech dann éischter op terrain vierge beweegen, ech schwetzen do natirlech vun der Thematik.

Dann e bësse Politik natirlech. E puer Episoden vun Change de chaîne pauv’ con! missten do dra sinn, bis elo war ech jo bei der Intro stoe bliwwen. Nierwend den tatsächlechen diplomatëschen Kuriositéiten servéieren ech villäicht och nach e puer PR-Häppecher an ech erkläre wéisou den Sarko emmer mat engem roude Koffer reest.

Do iwwer beim Staater gëtt et an den nächsten Deeg och rem méi ze gesinn, ënnert der Bedingung natirlech dass e gewësse Labo séng Aarbecht gemaach huet. Uffanks der Woch missten et dann och (meeschtens) Outtakes ginn.

Alles an Allem kënt déi sprëchwiertlech Saach rem un d’Rullen. Hei d’Rotativen an um Campus d’Bleu’en.

Ahoi!

Categories: Uncategorized

1 response so far ↓

Leave a Comment