De Moie sinn eng Onmass Monokelen a Martiniglieser gefall nodeems den RTL an enger narzisstëscher Aktioun en weideren Deel vu séngem Relaunch gelauncht huet. Dobäi ass RTL Aanzeien no baal an dat doudescht Mier gefall wat sech Clickgäilheet nennt. Doud well vill ze versalzt.
Salzséi-aarteg
Vill Faits-divers, Vill Reklamm (op der rietser) a vill “Service”. Währenddeems den Wocheréckbléck nach liicht um politëschen Niveau bleiwt an d’Analys iwwert d’US-Wahlen opmanst wéinst hirer Existenz als Pluspunkten zréckbleiwt, jo, sou ass et dat dann awer och. Ween eppes iwwert Südamerika sicht, dee fënnt eppe
s iwwert dem Chavez séng verkafte Konscht. Fir de Recht Kino, Agenda, nach eppes mat Mozzarella an de Yann seet eis d’Wieder. D’Bäitreeg un sech liesen sech am internationale Verglach schlecht a sinn visuell sou réi wéi e Stéck Fleesch aus dem Cactus nodeems een et eng hallef Minut pro Säit an Becel-Fett an enger Paan…bon dir verstitt wou ech hi wëll.
Sou flaach wéi dat sech presentéiert stellen ech mer d’Fro op dat nach doudescht Mier ass oder schon ausgedrëchente Salzséi?
8 responses so far ↓
tom // September 21, 2008 at 11:37 am |
ech haat daat och schon geschter op der telé gesin gehaat. Naja, et gin eben saachen, dei mussen et net gin…
misch // September 21, 2008 at 6:56 pm |
wei wann RTL jeemols eppes serieuxes geing op d’rei brengen ausser ze expandeieren.
Fireball // September 21, 2008 at 8:06 pm |
Gudd, dann sinn ech awer net den enzegen, den daat Gefill haat. Irgendwéi brengt rtl et sait 99 färdeg, oniwersichtlech Internetsiten ze maachen.
Max // September 21, 2008 at 9:41 pm |
Ech denken net dass RTL vollkommen verluer ass, dat wir ze einfach. news.rtl.lu allerdings ass eng aaner Saach, do kann een nach verbesseren, form a fond.
szenen // September 22, 2008 at 2:54 am |
expandeierent mecht RTL hechstens hieren budget deen vum staat finanseiert get. Fir de recht muss et nemmen sou eriwer kommen wei datt se domader och eppes ufenken, ofgesin vum alkoholkonsum no den opnahmen.
strawdog // September 23, 2008 at 10:54 am |
Mee sie hu jo awer Speckbiller drop.
Vum letzebuerger Starfotograf par excellence …
Mee lo mol am Eescht: ech ginn quasi nie op hieren Site. Firwat och.
strawdog // September 23, 2008 at 10:54 am |
a Max: kanns de net en Comment-Feed aktivéieren oder hunn ech deen iwwersinn?
Max // September 23, 2008 at 3:47 pm |
De Comment-Feed befënnt sech zu ärer Rietser, ganz Uewen, sou wéi d’CSV.
Fir de Recht, jo se hu Speckbiller a se wärten och Gebrauch dovu maachen.