Story erzählt, Thema verfehlt.

USA: den Iwwerbléck viru Mëtteg

September 26, 2008 · 2 Comments

Di grouss Marché’en schléissen um Owend vum 25. September performant of, d’Haapt-Thema bleiwt den Kar-aus-dem-Dréck-zéi-Plang vum Paulson. Mat bis zu 700 Milliarden US-Dollar soll moros Aktiva opkaft ginn, Balast oofwerfen, grouss Seegel opzéien. Effektiv waren Meldungen vun engem Accord opkomm, en ausräisereche Grupp Republikaner huet d’Hoffnungen op eng schnell Léisung awer an de Wand geschlo, aner Strategien ginn also de Moment nach analyséiert.

Nei Hürd, nei Strategie

De Finanzmarché herrscht iwwer d’Une’en dëser Deeg, domat erzielen ech kengem eppes Neies. D’Kandidaten awer mussen sech angesichts den neien Obstakelen a Finanzpolitik beweisen, säit dem 15. September schon stëcht d’Wallstreet an enger turbulenter Phase. Dat huet natirlech grouss Influenz op d’Kampagnen sou dass de M. McCain wëlles hat séng ofzebriechen fir am Kongress un enger Léisung ze feilen. An dat een Dag virun der éischter TV-Debatt zu Oxford, Mississippi. Den M. Obama awer huet sech agesat fir eng gemeinsam Deklaratioun déi eng parteiiwwergräifend Léisung un den Dag lee’e soll.

Wat soen d’Zuelen?

Gallup Polls, ursprünglech gegrënnt am Joer 1935 vum amerikanëschen Statistiker George Gallup, wees dass déi zwee Kontrahenten am Moment relativ gläichop leien. An der läschter Emfro gesinn sech déi Zwee bei registréierte Wieler op engem Niveau.

“This is the first report since Sept. 13-15, in which Obama did not have at least a one percentage point edge. (Gallup)”

D’Tv-Debatten wärten sech als entscheedend beweisen, déi éischt fënnt haut den Owend statt. Eng méi détailléiert Analys vun der Wieler-Evolutioun fënnt sech an den nächsten Deeg op dëser Plaz, villäicht och do iwwer beim Oppene Bréif deen eng Rëtsch Post’en iwwert d’US-Wahlen veröffentlecht huet.

Dat war et vu mir un dësem sonnege Moien, zréck op de Kirchbierg.

Update 17:55

De Brian Rogers, dem McCain säin Kampagne-Spriecher annoncéiert d’Deelnahm fir den Owend. D’Debatt kann also kommen.

(nytimes.com/gallup/washingtonpost.com)

Categories: Uncategorized

2 responses so far ↓

  • strawdog // September 26, 2008 at 12:09 pm | Reply

    Momentan sinn en effet spannend Zäiten … mol kucken, wéi dat alles ausgeet!

    An d’Amerikaner wäerten jo net deen alen Mann wielen, deen offensichtlech iwwerhaapt näischt vun Economie versteet.

  • oppenenbreif // September 26, 2008 at 2:12 pm | Reply

    Ma ech soen emol Merci fir d’Reklamm hei. :)

    Also ech haat emol geplangt fir demno wéi Live-Blogging während dëser éischter Debatt zemachen. Mol kucken op se dann elo stattfennt oder net.

    Gallup ass ewuel extrem gudd, mee waat ech erstaunlech fannen ass dass Fox News(!) e Mettwoch eng Emfro erausginn huet ewou den Obama 7% fir ass.

    @strawdog
    Dass den McCain näischt vun der Economie versteet haat hien selwer schons zouginn. ;)

Leave a Comment