Story erzählt, Thema verfehlt.

Relaunch: Dir wart hei

October 2, 2008 · 6 Comments

Säitens dem Lëtzebuerger Wort gouf et dës Woch e grousse Changement, hire Site Wort.lu ass redesignt ginn a gouf Mëtt der Woch lancéiert. Quasi zäitgläich mat engem wesentlech méi gréisserem Relaunch, deem vun der Libération. Ech wëll och net vill Wierder verléieren, just e klengen Tour iwwert déi zwou Säiten dréinen.

Wat ass nei: Liberation.fr?

Et bien, den direkte Verglach konnt ech net maachen, ma schnell geschriwwen presentéiert sech d’Struktur an 3 groussen Volet’en. La Une, wat dat ass kann een sech denken, riets uewen Dépêchen a lénks vun ganz uewen bis ganz ënnen den News-Stream mat Artikelen vun der Online- a Print-Redaktioun an -opgepasst- Blogger aus (wahrscheinlech) hirer Community. Segundo hu mer dann d’Sektioun Labo déi en gros d’News a Multimediaform presentéiert, dat heescht ganz wéineg Text awer vill Video-, Photo- an Audio-Content. Zum Schluss dann nach d’Sektioun Rebonds an där een Debatten, Chronique’en an Rezensioune liese kann.

Visuell presentéiert sech de Site sober an stilvoll. Eng zäitgemäss Serifeschrëft titelt iwwert den Artikelen an den characteristëschen fil rouge bleiwt de rouden Detail. Als Online-Präsenz  befënnt sech der Libé hiere Site iwwregens am Moment op enger net iwwerraschender drëtter Plaaz (OJD) hannert Lefigaro.fr an Lemonde.fr.

Wat ass nei: Wort.lu?

D’Wort geet mat dem neie Site Wee’er déi bislo nach kee gaangen ass…NOT. Et gesäit ee quasi keen Ënnerscheed wann ee vun den farwlech verännerten an traditionell spärlechen Dekorativ-elementer ofgesäit. Lénks Colonne: News-Stream. Riets Colonne: Uewen Dépëche-Këscht, dann Wieder-Box, Dossiers’en, Foto-Gallerie…blabla…Börs, Sporttabell. Schwätze mer nach kuerz iwwert d’Wieder, offensichtlech si se ganz stolz op den deegleche Wieder-Bericht, eng traditionell Method fir de Lieser un de Site ze bannen.

Wat gëtt et soss? Eng frësch Organisatioun vun de Rubriquen. “Frësch” muss allerdings hei relativ gesi ginn, sou wéi e Croissant vu gëschter. Et kann ee roueg vun enger klenger Revolutioun schwetzen, d’Wort groupéiert hir Artikel lo no Lëtzebuerg, Europa & Welt, Sport, Business…dat huet d’Mediewelt nach net gesinn. Weiderhin kann een vun elo un all Artikel kommentéieren, e klenge Schrëtt fir d’Wort, e klenge Schrëtt fir de Lieser. Nei nennen se dann och den Newsletter an den RSS-Feed, wéi gudd dat klappt wëll ech awer zu dësem Zäitpunkt net probéieren. Zu gudder Läscht bidd Meinwort.lu d’Méiglechkeet sech säi Stream no de perséinlechen Interessezentren ze organiséieren, e Schrëtt no fir, villäicht den Eenzegen.

Visuell ass et, jo also, et ass langweileg, d’Säit gesäit sech stilméisseg op engem Niveau mat engem 3310 (mat neiem Cover). No ënnen hin ass der Saach quasi keng Grenz gesat, de Stream zitt sech gefillten 3,50 Meter bis zum Footer.

Dass d’Marketing-Leit vun den “neitsten Web 2.0-Techniken” schwätzen gëtt mer ze denken, en eeschthafte Verglach mat auslännesche Gréissten wir kloere Grössenwahn. Wat do als nei presentéiert gëtt huet d’Lieserschaft an aanere Länner scho viru geschätzten 3 Joer gesinn.

Zwee Beispiller also déi weisen wéi een et engersäits gudd an aanrersäits schlecht maache kann. Wann ee mierkt dass d’Marketing-Konzept méi Budget verschlongen huet wéi d’Ëmstrukturéierung u sech, dann ass dat…net gudd.

Categories: Medial · Uncategorized

6 responses so far ↓

  • Fireball // October 2, 2008 at 8:29 pm | Reply

    Merci fir den Artikel, net daat ech emmer den enzegen sinn, den sech iwert eis Medien opreegt! Sinn ganz denger Meenung – och Liberation.fr gesait villverspriechend aus, muss do mol méi oft erankucken. Wort.lu ass lo effektiv just “benotzbar” ginn, méi net.
    An wann mir schon beim meckeren sinn: Wéi fenns de déi néi Iwerschreften-Schreften vum Tageblatt?

  • Chris // October 2, 2008 at 9:35 pm | Reply

    Ech hat mer och wesentlech méi vun dem “Relaunch” erwaart. Ech nennen et och net all Kéiers Relaunch, wann ech en neien Header op mäi Site setzen… Sou wéi sech eis lëtzebuergesch Medien online presentéiren, kéint ee bal mengen, dass et e bewosste Schrëtt ass fir d’Wichtegkeet vum Printmedium z’erhalen.

  • benem // October 2, 2008 at 10:12 pm | Reply

    Bei Wort.lu kann een zwar trotzdem vun engem Relaunch schwetzen, well am Verglach zum aalen Site awer op een aaneren Redaktiounssystem emgestallt gouf, an och vun den Fonktiounen an Iwwersichtlechkeet awer ee Schrëtt no fir.
    Waat vlait den Fehler war, dass souwait ech informéiert sin den ganzen Relaunch vun der hauseegener Web-Equipe emgesat gouf, vlait wier do d’Ennerstëtzung vun enger auswärteger Firma net falsch gewiecht.

  • Max // October 3, 2008 at 6:53 am | Reply

    Well sech opreegen en ze wichtegen Deel ass, Joël, kann ech dir dat net alleng zoumuten :) .
    Effektiv handelt et sech bei Wort.lu ëm e Relaunch, Interna kann ech leider net bidden, merci benem dass de déi Informatioun liwwers. Wou ech schon bei de lëtzeburger Medie-Site sinn denken ech dass an der nächster Zäit esou eppes wéi en Iwwerbléck iwwert eis lokal Gréissten wärt gemaach ginn. Dat dierft eis hëllefen eng besser Siicht op dat Bild ze kréien wat d’Print-Medien vun de Lëtzebuerger Lieser hunn.

  • Fireball // October 3, 2008 at 4:24 pm | Reply

    Interessant fannen ech an dem Kontext vun “Siicht vun de Medien op d’Lëtzebuerger” och d’Emstukturéirung vum DNR op Zielgrupp 25+ (offiziell, realitesch wuehl eischter 30+). An den Zereck zum “Personality Radio”, ob deen lo gelongen ass oder net…

    Chris: Déi nächst Kéier gees de einfach eng Pressemitteilung eraus, wanns de dain Header emänners ;-)

  • Max // October 3, 2008 at 4:53 pm | Reply

    Jo Chris, maach en Ëmpfang, gëff eng Coupe, e puer Häppecher an du kanns mam Opmaacher rechnen.
    Am Radioberäich kennen ech mech net vill aus, zéck net fir d’Saach an d’Hand ze huelen. Ech wollt mech op Print & Online konzentréieren.

Leave a Comment