Et ass Dënschden, 10 Auer. D’Aktualitéit verlaangt e Bléck op d’Marché’en. Währenddeems de Krach 40 (Libé) no kuerzer Montée rem ganz liicht verléiert wëll sëch d’Panik vu gëschter, an et war eng weltwäit Panik, nach nët lee’en. Et gouff méi wéi ee gudde Grond, den asiatëschen Raum ass, dat war z’erwarden, an der Nuecht vun e Méinden op en Dënschden mat starken Verloschter opgestan, d’Boursen kruten sech Ënn der Sessioun opgeriicht, den Nikkei zum Beispill limitéiert de Schued an bleiwt bei -3,03 %.
Footsie, DAX an wéi uewen notéiert, CAC40 maachen d’Séancen mat positiver Pente op, bleiwt nach unzemierken dass, nodeems Frankräich säit läschter Woch dat ellent R-Wuert benotze muss, och an Grouss-Britannien d’BCC (Chambre de Commerce) vun der Rezessioun schwetze muss.
“L’Europe doit mettre sur pied son plan de secours”
De Joseph Stiglitz, an engem Gespräich aus dem aktuelle Le Soir, sëtzt sëch fir en Aussetzen vum Stabilitéits-Pakt (Traité de Mastricht) an. Dëst wir néideg fir adequat Reaktiounen op Staats-Säit z’erméiglechen. An enger zweeter Etape misst Kapital injektéiert ginn, d’Nationalisatiounen därfen nëmmen temporär bleiwen. De Plan-Paulson allerdings wir zwar besser wéi näischt mee trotzdeem schlecht konzipéiert. No dem M. Stiglitz wir déi aktuell Situatioun d’Resultat vun (Fehl-)Décisiounen säitens der FED (Amerikanësch Zentralbank).
Bleiwt nach op déi nächst Kandidaten-Debatt hinzeweisen, déi fënnt statt an der Nuecht, 3:00 Auer Paräiserzäit. Free’en kann een sech andeems iwwert dem Barack Obama säi Virsprong. Dat war et vum Staater, zréck op de Kirchbierg!
(nytimes.com/lemonde.fr/Le Soir)
3 responses so far ↓
strawdog // October 7, 2008 at 9:14 am |
Ass zwar schons krass, wat do de Moment ofgeet … meng aarem Sicav’en …
Max // October 7, 2008 at 9:18 am |
A méng réicht, ech schätze mol ech hunn d’Uni färdeg ier mer rem am Positivem sinn.
Yann Koenig // October 7, 2008 at 10:15 am |
Naja mengen Sicav’en eleng ass den mannsten Problem am moment. Mee epps hun mer jo lo nees eng BGL