Story erzählt, Thema verfehlt.

D’RTBF géint Een

October 11, 2008 · Leave a Comment

Den Zebra läit vis-à-vis vun den Halles St. Géry. Dräi Meter Pavé trennt de Café vun der fréierer Maartplaz. Gehaasst wéinst dem schlechte Service, ëmsou méi veréiert wéinst dem Thon-Bréitchen. Dass et DAT bescht ass, dat kann ech als méng onparteiëschst Meenung bezeechnen.

Onparteiësch allerdéngs, dat ass e Wuert dat sëcherlëch do iwwer kee Badge kréie géif. Mëttlerweil eng Ausstellungshal fir Photographie kann een déi renovéiert Jugendstil-Baut duerchaus als terrain neutre bezeechnen, zumindest demographësch gekuckt. Neutral Quadratmeter fir eng politësch Débatt déi méi prévisibel, méi onneutral nët si kéint.

Bienvenue sur le plateau de…

Dräi Journaliste sëtzen nierwteneen, op der aanerer Säit sëtzt den Invité, e Politiker. Et trennt së dräi Meter Näischt, de Moderator leeft vu Säit zu Säit. Souvill zum Plateau. D’Journalisten hu Froe préparéiert, den Invité muss déi beäntwerten, fir der Saach en Uschäin vun Oppenheet ze verpassen ginn och Froe vum Internet entgéint geholl. A reegelméissegen Ofstänn gëtt d’Diskussioun vun Reportagen ënnerbrach, de Sujet vun dësen bitt zousätzleche Gespréichsstoff, dat ganzt gëtt live ausgestrahlt.

Veuillez répondre à la question

D’Radio-Télévision belge de la communauté française, d’RTBF, hat fir dat neit Format, Répondez @ la question zwee Camions’en op di schmuel Pavé-Stroosse ronderem d’Hal plazéiert. Bannent der Zillen- a Stolkonstruktioun gouff de “Plateau” installéiert, Flatscreen sur son lit de cable. Eng geschätzten 20 LCD-Schiermer a verschiddene Gréissten hu vum 1. Stack erof op d’Arena geliicht, eng onschätzbar Zuel vun Spot’en sollten d’Basis bilden vun där Luucht déi op d’Acteure fale sollt. Dass net all Mënsch a beschter Luucht liichte sollt, war, sou huet et sëch spéider rausgestallt, vu vir era kloer.

Répondez nom de dieu !

Dass ech näischt vun dem Konzept halen, dat sollt mëttlerweil kloer sinn; d’Emissioun, hunn ech fonnt, ass an hirem Determinismus méi wi ënnergangen. D’Sendung erënnert staark un e Box-Kampf, d’Entrée vum Invité ass e visuellt Beispill wat een direkt u prallgefëllten Arenen denke léisst, wat feelt ass en Assistent deen Trophee’en héich hällt. D’Arrangement vun de Sëtzplazen um Plateau ass e weidert psychologëscht Element, eng geschlosse Grupp op enger Säit, een Eenzelkämpfer op där Aanerer. Dass de Moderator sëch nët op d’Säit vum Politiker gestallt huet wärt och keen iwwerraschen. D’Reportagen sinn héchstens op Boulevard-Niveau: tendenziös, iwwerdriwwen, onfair. Di zousätzlech Froen vum Internet kënen theoretësch  jo vun all Mënsch gestallt ginn, vergiesse mer awer net dass et de Moderator ass deen de Choix mëcht.

Technëschen KO an der éischter Minut

Et kënt eraus eng Schlacht déi sech schwéier gewanne léisst. En entscheedende Fakteur vun dëser Emissioun war den franco-néerlandophone Konflikt, den Invité, de Bart de Wever ass mëttlerweil ee vun de meescht gehasstene Persounen am Land, et war meeschtens hien deen den Dialog verhënnert huet, et ass hien deen ëmmer rem fir d’Scissioun vun der Belge plädéiert. En ass de vlaamse Prototyp, d’Ikon fir Onverständniss. Währenddeems et an de Medien ausgesäit wéi wann de Leterme (de Premier) den Dialog emmer rëm erméiglecht huet, sou ass et den De Wever deen, sou schéngt et, mat séngen onrealistësche Standpunkter d’Verhandlungen gesprengt huet. Méi Wierder wëll ech awer an d’Analys vu séngem politëschen Discours, net investéieren wat just wichteg ass, dat ass séng Positioun an der Politik an déi gouf e Mëttwoch Owend vun dem francophone Sender an enger onparteiëscher Art a Weis vulgariséiert. Séng Persona gouf konstant diaboliséiert. Dat Ganzt mat Zockergoss (a Form vun Charakter-Froen) op roud-wäiss-bloëm Porzeläin.

Och wann dem Invité séng Politik widderwärteg a vu populistësche Mueden zerfries ass, et geet drëms dass de Géigendeel hei net hätt këne gewise ginn.

Vu Bréissel, zréck op de Kierchbierg.

Categories: Uncategorized

0 responses so far ↓

  • There are no comments yet...Kick things off by filling out the form below.

Leave a Comment