Ech kommen gëschter Owend heem, mir ware bowlen, kee Stress wäit a breed. Ech sëtzen also nach kuerz am Living, wollt mech um Lafenden halen a zappen duerch méng News-Bookmarks. NYTimes, Monde an last and least RTL.lu. Anscheinend koum et zu engem Drama an eisem soss esou friddleche Land, Leit hu geschoss, Leit si gestuerwen. Faits divers vun, ech ginn et zou, dramatëschem Ausmooss. Drama, dat kenne mer aus dem Theater. Dësen Akt huet um Parking vun der Luxexpo stattfonnt, et war allerdings och de läschten fir d’Haaptroll…
Wourop ech awer hiweise wëll ass eppes ganz Aaneres, nämlech den Traitement vun dëser Informatioun. Ech liesen also déi kleng Geschicht op news.rtl.lu a mir fällt op wat mer hei schon oft gesot kruten. De gudde Mann mam Brëll dee ganz fir iwwert de Mikro schwetzt muss et leider ze oft widderhuelen. Ech schwetzen natirlech vun dësem méi wi frowierdege (?) Saaz:
“Bei den 2 Affer handelt et sech em Portugiesen, déi hei am Land wunnen.”
D’Froe sinn: Wat bréngt dës Informatioun dem Artikel un plus-values? Ass d’Informatioun wichteg fir de Kontext ze verstoen? Befanne mer eis an engem aanere juristësche Kader?
Ech kann net aanescht wéi mat Nee ze äntwerten. Et ass dësweideren normal dass Leit déi sëch zu Lëtzebuerg befannen och zu Lëtzebuerg wunnen (reng statistësch gesinn), wann et also hei och sou ass, wéisou drop opmierksam maachen?
Ech hu leider misse feststellen dass och wort.lu dës “Informatioun” an hirem Artikel publizéiert huet.
4 responses so far ↓
strawdog // October 21, 2008 at 9:18 am |
Interessant Observatioun a Fro!
Irgendwéi fannen ech d’Informatioun schon interessant, och wann ech net genau soen/definéieren kann firwat. Dat selwecht kéint een jo bei der Saach mat der Brandstëftung am Zuch froen. Mëcht et usech en Ennerscheed ob et en Chinese oder en Lëtzebuerger woer an dass een dat wees?
Usech jo net. Ausser et kéint een eng allgemeng gülteg Conclusioun dorausser zéien, wat een jo awer net kann.
Plus-values brëngt et also sécher net. Ausser dass een soen kann, dass et der vun ‘hinnen’ woren an net vun ‘eis’ …
An Net-Lëtzebuerger sinn halt net Deel vun ‘eis’. Dofir herrscht normalerweis och manner Betraffenheet wann en Belge oder Däischten op eiser Autobunn leien bléiwt, wéi ‘een vun eis’. Esou gët awer menger Meenung no an ALL Land raisonnéiert.
An zumools béi negativen Evenementer sinn d’Läit normalerweis frou, wann et keen vun ‘hinnen’ ass …
strawdog // October 21, 2008 at 9:18 am |
ps. ech hat dat mengen ech scho mol gefroot, gët et en Comment-RSS Feed hei? Wier praktesch
Chris // October 21, 2008 at 4:23 pm |
Okay, zur Grondstruktur vun der Saach: d’Thema ass, wann nach sou tragesch, e fait divers; aus faits divers gi keng Schlëss op Grondsituatioune gezunn;
dofir ass d’Erwienung vun der Nationalitéit vun absolut kenger Wichtegkeet an huet dofir keng journalistesch Valeur.
Vu dass déi Saach allerdéngs net sou behandelt gëtt, als dat wat se ass (e fait divers), komplizéiert sech d’Erwienung vun der Nationalitéit, well se fälschlecherweis d’Iddi erweckt, dass en Zesummenhang tëscht hir an der Dot besteet.
strawdog // October 23, 2008 at 6:20 am |
Chris: Gutt gesot.