Story erzählt, Thema verfehlt.

Entries from October 2009

Samosa

October 16, 2009 · 6 Comments

Ech war iessen, nepaleesëch, op d’Gare. De Vegetable Samosa war sou gudd wéi ëmmer an um Gin Tonic huet ët och nët gefeelt. Am Restaurant, an deem – opwuel ët Freiden Owend ass – kee sëtzt, dréint sëch alles ëm eis, kloër… mir sinn déi Eenzeg. Déi Frëndlëchkeet an déi Dédicatioun schénge baal schon onubruecht. Du hues Angscht an eng theatralësch post-imperialistësch Samosa-Szen geroden ze sinn. An dobäi ass de Béier mol nach nët um Dësch. Natierlëch wëlls de nët dass de extra behandelt gëss, schliesslëch wëlls de Authentizitéit. Ëmmerhin, du bass nët an dee Restaurant zwëscht dem Aarbëchtsamt, dem Café Océanie an deem quasi-russëche Quartier komm fir do iergend en Touriste-Bullshit zervéiert ze kréien. Du wëlls de verdammt nepaleesëche 6000-Meter-iwwer-dem-Mieres-Niveau-Samosa.

An ëch krut ën. An dono goung ëch Heem, angenehm ugeheitert vun deene 660ml Cobra-Béier an dem Gin-Tonic. Dat ass ëmmer dee Moment an deem dër d’Liewen a perfekter Balance erschéngt. Dee Moment zwësche Restaurant an deenen 0,5 bis 10 Stonnen dono. Du denks un all déi Méiglëchkeeten déi den Owend der nach bidd: brong, blond, vläit souguer hellblond…

Währenddeems de iergendwéi ëmmer méi aggressiv gëss no 3 Episode Seinfeld wëlls de endlëch rem raus. Endlëch an den Auto, Musék héieren, Parkplaz sichen an iwwert de Pavé an de Café goen. Hoffen dass een do ass. Also checks de däin Outfit. Du kucks dëch am grousse Spigel am Gank. De Polo sëtzt, d’Box och. Bon, keng weltbeweegend Kombinatioun mee ët huet Niveau. D’Jackett zwar nët mee déi kanns de jo schnell ausdoen, ass souwéisou ze waarem dobannen.

Am Auto drécks de op dee lächerlëch groe Knäppche vun der miserabler Blaupunkt-Recycling-Radio-Anlaag an hoffs dass de sou schnell wéi méiglëch Sing fënns. Coffee&TV ass e gudd Lidd, dat dono och mee du wëlls Sing. De Piano, ëmmer rëm Piano an déi Stëmm. Du hues ët haut nach nët héieren an alleng dat ass eng Frechheet. Genau an deem Moment wou d’rout Luucht virum Boulevard Royal op rout schalt héiers de di éischt epësch Täkt. Alles ass perfekt, nët quasi oder baal oder zimmlech mee perfekt. Du spiers den Adrenalin am Réck, wéi en duerch däi Kierper geet. Et fillt sëch u wéis de denks dass et wier wanns de géings Drogen huelen. Natierlëch hëlls de keng mee du hues eng zimmlech gudd Virstellung wéi ët kéint sinn. Du gesäis de Strom vun Autoen déi iwwert de Boulevard Royal Richtung Bréck fueren. Roud a blo a wäiss Autoen déi vill ze schnell ënnert de vill ze giele Stroosseluuchte Richtung Gare fueren. Du empfënns d’Schéinheet vun der Situatioun. D’Musék ass, wahrscheinlëch, ze haart, méi wi 0,5 Promill sinn ët mëttlerweil och schon an am Café ass wahrscheinlech keen deens de kenns. Sou wéi läschte Weekend. Mee mer liewen an engem Zäitalter vun de Méiglëchkeeten an deene wëlls de wéinstens eng Chance ginn. Di Virfreed muss jo fir eppes gudd sinn.

Et gëtt gring, du parks an trëppels laanscht d’Justiz-Playmobil-Buerg an deem Sëcherheets-Typ mat dem däitsche Schäferhond an du denks: näischt. A gees weider. Riicht virun der gesäis de 20 Leit virum d:qliq stoën. Musék héiers d’och. Du wees wat lo kënt. An du solls Recht behalen. 20 Minuten drop stees de dobaussen, den zweete Béier an der Hand. D’Musék war ok mee nët eng Séil do déis de kenns. Se sinn all an Däitschland, an England oder an der Belge an dat eenzegt wat bleiwt si Leit déi wierklëch schaffen. An sou schwetz de vläit mat engem Muséker, probéiers eppes Positives ze soën. Jojo, de Clip war dach nët sou schlecht. Neenee, du hues Recht. Jo, dach. Ech versti wat’s de sees. An da gees de. Frustréiert. Du hues d’Méiglëchkeeten nët gesinn an, natierlëch, gëss de dem Land d’Schold. Du denks der, oh Lëtzebuerg ass langweileg. T’ass keng Sau hei. Du gëss tatsächlëch engem ganze Land d’Schold fir däin Owend. Du fiers Heem an dréins nach en Tour ronderem de Block well Sing nach nët färdeg ass an denks der, Virfreed ass fir Loser.

Categories: Uncategorized