Du wëlls net matspillen, du bass e Rebell well schnell gëss de nervös. Oft awer muss ech soen, hunn ech, Ech, ech et netverstan, d’Form. Widderwëlleg hunn ech gelies an där Pos mat de Been iwwer Kräiz an deem Buch viru mer, konzentréiert drakuckend. Déif déif déif hunn ech probéiert ze kucke mee gesinn Finnen (ongeféier sou ass et).
Gesi Finnen? Optik wier Ansischtssache mee dat just niewebäi.
Gefrot hunn ech mech wéi déif’s de knéis wann’s de schreifs ich knie nieder, ich knie nieder. Déifgang wéi e Baggerweier (bei mir jo éischter Péitruss). A gefrot hunn ech mech ech mech ech mech op et wierklech hëlleft d’Wieder an d’Sätz ze widderhuelen. Op ech da méi weess iwwert meng Generatioun. Op ech net méi weess iwwert meng Generatioun wann ech mäi Facebook-Stream liesen. Ëmmerhi sinn dat der 160, du bass just een. Mee dofir bass du voll am Liewen. Voll wiers de zimlech oft wann ech dat sou liesen. Ass jo och Rauschliteratur. Mee wéi wier et mat niichter schreiwen?
Nee et ass kee Rockconcert wanns de mech frees. Mee Groupies schéngs de der vill ze hunn. Ech sinn neideg. Wisou deen Erfolleg froen ech mech. Ëmmerhin bass de Autor, Schauspiller a Poet, Reiefolleg variabel. Vläit wells de iwwert d’Revolutioun schreifs. D’Revolt ëmmer op Stand-by währenddeems de Recht vun denger Generatioun seng Eltere rëm gären huet. Kloer dass een dann ze spéit drun ass.
Mee wie sinn ech dat ze kritiséieren, du hues eppes gemaach an dat ka keen der huelen. Komm Luc, den nächste Béier geet op mech, souvill kriss de hoffentlech fir ee Buch beim Donnersbach.
“so sehr du mich auch willst, du wirst mich immer mehr wollen.” vum Luc Spada, verëffentlecht bei op der lay. Ze kréien am Alinea.
Ech hunn d’Buch weder gelies nach je dovunner héieren. Deng Rezensioun léisst mech och elo net wierklech op libo.lu stiermen fir mer et ze bestellen.
Kann ee mat 25 wierklech nach glaawwürdeg Rebell sinn? Virun allem wann een “Rebell sinn” mat besoff sinn gläichsetzt (dat schéngt jo sou ze sinn, wann ech däin Artikel liesen) a nach ëmmer net d’Liewenserfahrung gesammelt, respektiv de Verstand huet, ze wëssen dass sech besaufen eppes ass fir Leit déi entweder a) vun der Welt wëlle flüchten oder b) esou ënnert engem Gruppenzwang ënnerginn, dass se mengen dat wier cool.
Groupies hues de hautzedags dach just nach wanns de keen Talent hues. Wéi den Dan Brown zum Beipsill.
Nee, wierklech. Ech wëll mer dat Buch guer net undoen.
Manchmal würd ich den HorstUwe echt gern heiraten.
” Es war ein unglaublich schönes Gefühl, dass jeder Satz, ein Satz von mir war, etwas ganz eigenes und persönliches, zusammengesetzt aus dem Versuch meine eigene Sprache zum Ausdruck zu bringen (…) ”
…dass es endlich mal jemandem gelingt, die richtigen Worte für die Freude an der Alphabetisierung bei der Einschulung zu finden…und dass dieser Jemand sich dann auch noch so darüber freut, dass er in dieser Anfangsphase hängen bleibt…ich knie nieder ich knie nieder ich knie nieder…junger Gärtner auf csd
Zu denger Kritik, Horst. Ech sin e Rebell? Eischtens, wou steet dat? Oha, du paraphraseirs? Net schlecht, soll dat soueppes wéi fresch mech matt mengen eegenen Waffen zereckschloen sin? Dat ass ok, mir brauchen eng nei Diskussiounskultur hei, dat stung dach och iergendwou iwer mech an du hues mech jo schon mei lang „verfollegt“, wann ech dat hei liesen. Ech Ech Ech!
Et geet jo hei em mech oder net? Vleit geet et bei denger Kritik just geint MECH, awer net em den „Ich“, och zu Letzebuerg, als „lyreschen Ich“ ze verstoen, also net ECH.
No baussen sin ech wat ech maan, schreiwen, spillen, wat ech eben och studeiren, leiren an gären no baussen (dat öffentlecht Baussen) well droen.
Wierder widerhuelen oder net? Stilmettel! Gefällt et der? Nee, lies wieder Facebook Statussen, oder vleit iergendwann schreiws de och DÄIN Numm iergendwou hin, bass stolz drop an muss et net anonym an en Blog raschreiwen. Et seet eben grad genug iwert d’Generatioun aus wats du hei mes. Dat ass och gudd sou. Vleit knéis du dech awer net gären wierklech an eppes ran, vleit sin ech och just ze schlecht fir deng potentiell Kapaziteiten ze belaaschten, et ass mer eigentlech och egal.
Sin ech oft voll? Nö! Rauschliteratur, häss du iergendwann bessi opgepasst, steet Rauschliteratur bei mir fir all Zort Exzessen, Gefiller, Trauer, Alkohol och, Ängst, alles wat extrem ass an eisem klengen Wuelstandsliewen, een zu engem Output verleed, den dementspriechend ausgoen kann, an mengem Fall (wat däin Misère gin ass) en Buch.
Anescht gesot/gefrot, kann et sin, dass du d’Buch virun allem gelies hues fir et schäiss wellen ze fannen? Hues du dech iergendwou ugegraff gefillt? En Rebellengameover duerchgema fir op den Uspillung vum Ufank anzegoen? Geheiers du zu vereenzelten Ex-Proffen? Iergendeppes?
Maach der keng Suerg iwert mech a meng Eltren, mir gin gudd eenz. Et steet och neirens den Contraire, wanns de wierklech geifs liesen.
@ junge Melancholiker und andere Beobachter:
Thierry, ech setzen Revolutioun net matt saufen gläich an Groupies, ob ech der lo hun oder net, sin mer egal an ech „gebrauchen“ se net. Et gin einfach och Frenn, déi emmer rem op Veranstaltungen kommen, well se wessen weivill Arbescht hannendrun stécht an sech dofir intresseieren. Du jugeiers iwert mech ouni een Wuert gelies ze hun. Iergendwei traureg an och egal. Et get en Ennerscheed iwert dat wat een ass an Anerer wellen, dass matt engem gemach get.
Ech sin a kenger Phase hänken bliwen, dat war den Ufank vu mengem Schreiwen, Grinsekatze, dat huet sech gudd ugefillt. That’s it. P.S. Et fillt sech nach emmer gudd un, all Wuert, all Satz.
Et schéngt mer wéi wann hei einfach sech sou eng Sammlung vun jalousen Leit fonnt huet. Wat war den Problem? Well der en Buch rausbrengen an et huet nach net geklappt? Stéiert et ierch, dass meng Saachen deelweis gudd ukommen? Dir musst et net gären hun, dat verlangen ech net, mee dat heiten jäizt no Neid an wellen drop schloen, koste was es wolle. An dem Senn, alles Gudds weiderhin, Luc
P.S. 2. Ech kenn keen den net heiandsdo vun deser Welt flüchten well.
Ech wollt dech net als Persoun ugräifen. Ech kennen dech net an ech hu wéi gesot bis zum Liesen vun dëser Rezensioun och nach ni vun dir héieren gehat. Mäi Kommentar war eenzeg eng Reaktioun op dës Rezensioun hei. Ech hunn jo och e puer Mol widderholl, dass ech mech nëmmen op dësen Text beruffen.
Ech sinn iwwerhaapt net jalous op dech. Wéi gesot hunn ech nach ni eppes vun dir héieren, an ech weess och net wéivill Bicher dass de verkaf hues an wat aner Rezensiounen iwwert däi Buch soen. Ech hunn also guer keng Grondlag fir Jalousie.
A wat d’Flüchten ugeet: natirlech wëllen déi meescht Mënschen muenchmol einfach fort. Mä ech bleiwen dobäi: wien déi Flucht am Alkohol (oder a soss iergendenger Drog sicht) verdéngt héchstens Matleed, awer kee Verständnis.
Wann ech iergendwann am Summer sollt fir e puer Deeg zu Lëtzebuerg sinn, liesen ech däi Buch dann emol.
Mir gefällt dat awer, dass du der d’Zäit hëlls an an engem x-beliebege Blog (dat ass keng Kritik u Sheepthoughts, mä et ass jo eben keng “grouss” Säit ewéi RTL.lu) op Kommentarer réagéiers!
An mir geet et net dorems gudd fonnt ze gin oder net.
An ech sin eben net iergenden ofgehuewent Aschlach, den just op grouss Saachen ageet. Ech man dat wat ech maan gären, an geif halt mech freen, wann Leit mol Ironie, Uspillungen asw. verstin éier se grouss Sprech “raushauen”.
An dat mam Alkohol, dat get lo Diskussioun em neischt, mee kloer hun ech keen Problem matt Alk an och schon an dem Zoustand geschriwen, an ech fannen et en sauintressanten Zoustand net Herr iwer sech ze sin, also vollkommen. Wei gesot, intressant, net noutwendeg an och net mein enzegen Liewensstil.
An ech geif mech firun allem net als en Rebell gesin, den dat duerch saufen äusseren well.
So long,
thx,
L
Luc,
ech wollt eigentlech net als, soe mer Hater, riwwerkommen. Op d’Buch opmierksam gi war ech nodeems ech d’Rezensioun am Land gelies haat. Dat huet eis natierlech impressionéiert dass e Lëtzebuerger Jonken e Buch erausbruecht huet. Ech sichen no sou engem Buch, soueent wat ausdréckt wéi et am Moment bei eis ass. Den Artikel am Land huet du mol wéigedoen. Wéi wann d’Elise sech an der Akademie agespaart hätt a mat warmem Goudron erofgeschoss hätt.
Ech hu mer du mol déng Säit ugekuckt an den Tageblatt-Artikel gelies. Immens deen Antagonismus zwëschent deem deen an der Schoul ni Succès hat an deem Elise wat – ech spekuléieren – seng dekoréiert Pabeier vun der Uni enzwousch hänken huet.
D’Buch hunn ech du missen hunn, gelies hunn ech et onofhängeg vun akuter Examenspreparatioun. Mee d’Enttäuschung koum relativ schnell. Virun allem well ech net dat fonnt hu wat ech gesicht hunn, den Zeitgeist, d’Momentopnahm vun eiser Generatioun a vun dësem Joerzéngt. Sou an där Richtung. Et austauschbar ze nennen wier ze vill mee vague war et mer dann dach. A ween eben déi Momentopnahm wot ze bréngen dee muss domat rechnen dass opmanst een äntwert.
Grousse Respekt hunn ech virun deem Buch trotzdem, well et viru mer läit a well dat heescht dass de et fäerdeg bruecht hues. Dat kann der kee méi huelen. Jalousie wier lo ze hefteg mee natierlech, den Näid huet mech motivéiert, maache mer eis näischt fir. An ech wäert mer et dach net huele loossen e bësse fresch ze gi wann ech liesen “Luc Spada rettet die Welt”, oder?
Ahjo, mäin Numm ass Max Gindt, op mengem anere Blog (http://staater.blogspot.com) fënns de meng E-Mail.
Pingback: GRINSEKATZE | DIE KLEENE IN DER GROßEN STADT
Ok ich mache auf deutsch weiter, Grinsekatze inspiriert mich. Wie soll ich sagen? Oder besser: Ich habe bis vor kurzem mit einem Freund diskutiert. Alles in allem: Deine muss nicht meine Generation sein, ich muss mir eingestehen, dass so wie ich die Dinge sehe, beschreibe, erlebt, ist dann vielleicht einfach nicht dein ästhetischer Anspruch von Literatur.
Allerdings ist mir dein letzter Kommentar wesentlich sympathischer, klarer, konstruktiver und ohne Beleidigungen.
Dass ich deine Erwartungen nicht erfühlen konnte, das kann ich leider (oder gott sei Dank?) nicht ändern, ohne aber einzugestehen, dass ich dir nicht mit allem Unrecht geben will.
Ich muss aber auch sagen, dass ich darauf stolz bin was ich gemacht habe und dass ich überzeugt bin, dass es keine Scheiße ist. Und es geht mir allgemein auf den Sack, dass Leute die es nicht “geschafft” haben mit ihren Literaturreihen, witzig, melancholisch oder sonst was, ihren Frust auf mich draufkotzen.
Die andere Sache ist die Sache mit dem “ich”, ich mag es mit verschiedenen Typen, Ironisierungen (Luc Spada rettet die Welt, so sehr du mich auch willst,…) zu spielen und erwarte auch vom Leser eine entrechende Offenheit. Aber alles ist gut, Max, ich schreibe die dir noch eine E-Mail.
Grinsekatze, was dein Blogeintrag allerdings soll, verstehe ich nicht. Es war kein Streit, lediglich ein paar angepisste Blogeinträge, die hiermit geschlichtet sind. Ich bin auch kein “purer” Poetry Slammer, aber ich mag die Form. Ich verstehe deinen Einwand auch nicht, du zu hoch? Ich zu tief? Was auch immer.
Viel Erfolg weiterhin,
L
Interessant Diskussioun. Meta-Kommentar (wëll ech d’Buch net gelies hunn):
Muss Kritik léif sinn? Nö, natierlech net!
Muss ech mir als Kritiséierten alles gefalen loossen? Nach vill manner!
Ech fannen “Déi sinn jalous” ass een schlecht Argument géint Kritik. Ech mengen kloer, jiddereen_t deen oder dat schreift spillt mam Gedanken, dat Geschriwwent iergendwann an der enger oder anerer Form op Pabeier ze gesinn, mä schreift een just dowéinst Commentairen?
Ech denke net, an den Max war sech och net ganz sécher, ob den Blogpost hei esou gutt war, wéi ech op twitter huet konnte liesen.
Mä flott, dat erëm alles an der Réi ass. Villäicht kënne mir jo all eng Kéier een Béier drénke goen, dat hëlleft. Net nëmmen beim Schréiwen.
Ich will eben genau das was du erahnst vermeiden. Nämlich so anmaßend zu sein dich,mich, Blogger und andere Schreiberlinge in irgendeiner Form auf irgendeiner Skala zu situieren.
Das Poetry Slam Beispiel diente nur zur Illustration der Tatsache, dass es immer zum Knieschuss wird, jemanden zu kritisieren, der den einen Schritt gemacht hat, den man selbst noch nicht hinter sich hat, vielleicht auch gar nicht hinter sich bringen will.
Ich entschärfe jetzt auch mal meinen ersten Kommentar: Im Endeffekt wollte ich ausdrücken, dass mir deine Wortwahl im Allgemeinen nicht zusagt. Ich habe mich mit deinen Texten beschäftigt, kann zwar Ideen, aber nicht die Umsetzung nachvollziehen.
Aber du bist noch jung, ich nehme an, dass du es nicht bei einem Buch belassen wirst und so bleibe ich eine mehr oder weniger stille Beobachterin, die sich auch weiterhin literarische Produktionen reinzieht und schaut, ob man seine Meinung nicht doch ändern könnte
Zur Kritik deiner eigenen Slam-Kritik, Grinsekatze:
Ich glaube nicht, dass man Kritik erst dann äußern darf, wenn man selbst die Produktionsprozesse des kritisierten Werks erlebt hat. Will sagen: Filmkritiker_in kann ich auch dann werden, wenn ich selbst noch nie ein einen Film gedreht habe. (Wissen um die Produktionsbedingungen schadet der Qualität meiner Bewertung jedoch nicht!)
Bei der Literaturkritik ist das Problem wohl, dass sich die Kritik meist in der gleichen Form wie das kritisierte Werk – also schriftlich – wiederfindet und somit zumindest eine gedankliche Nähe geschaffen wird. Klar sollten “gute” Literaturkritiken auch gut geschrieben sein, aber die Veröffentlichung eines Buches ist genausowenig Voraussetzung wie Befähigung dazu.
Es tut mir mittlerweile fast leid meinen Senf hier dazugegeben zu haben. Es ist, besonders die von Grinsekatze, nicht meine Welt. Nicht meine Höhe, egal ob tiefer oder höher. Ich meine, meine Wortwahl muss dir nicht zusagen, dann haben wir immer etwas Gemeinsam.
Ich nehme dann an dass du VIEL älter bist als ich, aber mögen musst du mich wirklich nicht. Meinung ändern auch nicht, ist alles ok für mich.
Ach menno
Ich weiß noch nicht so richtig, ob ich das alles hier lustig finden soll oder nicht. Grinsen tu ich trotzdem.
Kleine Info an Luc: meine Bemerkung mit dem “Streit” hat im Endeffekt überhaupt nichts mit dir zu tun, es gab vor einiger Zeit nur nen mehr oder weniger amüsanten Flamewar in dem in 63 Kommentaren 150 Grundsatzdiskussionen stattfanden…
Ich habe nie bestritten, dass mein erster Kommentar auf dieser Seite a bisserl unnett ist, aber spätestens in meinem Post ging’s dann überhaupt nicht mehr um dich. Ich hoffe doch irgendwie, dass es nicht zuviel verlangt ist, dass die Leser daraus schließen, dass ich mir einfach Gedanken darüber gemacht hab, ob ich jemanden kritisieren darf, der, ob nun berechtigter- oder unberechtigterweise, die Eier hatte, sein Zeugs zu veröffentlichen.
Schätzchen, ich bin jünger als du…ich glaub auch hier lief was schief, was die Botschaft anbelangt: Wie gesagt ich bin derzeit nicht überwältigt und nicht sabbere vor Freude,wenn ich deine Ergüsse vor mir liegen habe, ABER ich fänd’s schäbig und beschränkt, mich jetzt darauf zu versteifen und deswegen warte ich ab, da ich meine Meinung nicht an dieser einen Produktion festmachen will.
Manchmal hab ich Lust mit einem riesigen Schild auf dem steht: “Das war konstruktiv und eigentlich nett gemeint ihr Knallköpfe” um mich zu schlagen.
Natürlich müssen wir beide keine Wortwahlorgie feiern, glaub diesen Anspruch hat auch niemand erhoben. Und mit Mögen hat das auch nichts zu tun.
Du schreibst doch : ” Ich schreibe. Du liest.”
Vergess einfach nur nicht, dass der dritte Teil lautet: Du reagierst.
Eben und ich habe das auch nicht beleidigt gemeint, es war auch, nun ja, gewissermaßen konstruktiv. Mit einigen Sachen, die ich nicht geschnallt habe. Ein Fazit. Nichts mehr. Alles gut, noch immer.
Hei waart, ech wollt och nach eppes soen:
Ech wollt dat bis elo net uschwätze mee amfong ass et dat éischt wat mech gestéiert huet an och de Grond wisou et mer un Authentizitéit gefeelt huet. Wisou op Däitsch? D’Stëmm vu menger Generatioun schwätzt Lëtzebuergesch (ok net ëmmer, beim Bäcker och mol Swuaheli) a gelegentlech Franséich. Dat ass eppes wat ech vu fir eran net verstan hunn. An et ass einfach ze liicht fir dann ze denken: de Spada huet dat op Däitsch geschriwwe fir dass e méi Leit kann erreechen. Ech wollt dat net nidderschreiwe well et do jo vläit Grënn ginn déi ech net kennen; ech wéilt et op alle Fall gäre wëssen.
Méi wichteg erschéngt et mer dass mer eis all iwwer d’Jugend austauschen, dat hëlleft dir méi an eis och well mer da wësse wéi dee Rausch (déng Erklärung mëscht Sënn, dat loossen ech der) bei dir zustan komm ass. Dat wier méi konstruktiv a giff mer méi iwwert eis soen an et ass amfong dat wat mer um Häerze läit.
Dat get mir jo schon baal ze prätentieis.
Ech studeiren Theater, Schauspill an Theaterwessenschaft, däitsch ass wei meng Mammensprooch. Ech benotzen se leiwer wei letzebuergesch fir Literatur. En däitschschwätzenden kann eng ähnlech Generatioun erliewn wei en Letzebuergeschen. Ech wees net, mee dat get alles hei mir bessi ze “ech well iwert all denen Popidioten stoen”, sorry, mee et muss een sech och net an mengen Saachen remfannen, dat ass ok fir mech. Dat ass sou, dat kennt fir.
Ech well iwerhapt keng Stemm fir all Mensch, ech schreiwen Gedanken opp, Ideen, Wensch, Sehnsücht, se sin net richteg, net falsch. Se sin einfach gesot an jidereen därf sech en Steck huelen, oder eben net. Wollt een sech an mengem Buch fannen an et ass net gelongen? Schued, wat soll ech mei soen?
Ech schreiwen däitsch, well et dei Sprooch ass déi mer am Moment am notsten läit, matt deier ech mech studienmeisseg, frendinmeisseg (jo, ech hun keng Gruppien, just ENG langweileg frendin aus dem ruhrpott), frennmeisseg an allgemeng am meeschten WELL an MUSS auserneen setzen. Generatioun hin oder hir.
Ech hoffen dei Diskussioun hei krit en Enn,
objhidefall ech well nemi.
Perseinlech froen gär, meng E-Mail ass keen Geheimnis.
Best,
Luc
Jo, an domat gi mer dann zréck op de Kierchbierg.
Pingback: Zur Feier des Tages