Wanns de däi Klassekampf wëlls maachen da géi an de Gaart mee looss mëch lo méng Sendung kucken. /Mee verstees de net dass et grad dat ass wat se wëllen?/Kanns de mer méng Zigarette brénge wann ech gelift?/…Wat?
De Marx sot dass d’Aarbechterklass fir d’éischt muss hir eege Konditioun erkennen, se muss sëch bewosst ginn dass se exploitéiert gëtt. An an deem Sënn ass dem Tim seng Mamm wäit komm, keng Fro. Si kuckt Owes just léiwer Fernseh.
Dateveraarbechtung ass eng Aktivitéit déi den Tim sécherlech net als Aktivitéit giff kategoriséieren. Do wou seng Mamm schafft, eng däitsch Firma mat Sëtz an enger entspriechend langweileger mëttelklenger Stad, do hat den Tim e Summer geschafft. Réckbléckend eng wierklech définéierend Erfahrung. Endlech wosst e wat en net wollt maachen. Et war säin éischten Job, entspriechend nervös hat en sech d’Roll vun der Firma am globalen Datennetzwierk erkläregelooss. Zwou Wochen hat et gedauert déi gréisstendeels mat Inbox-Management an aktivitéits-koherent um-Dësch-apennen verbruet goufen. De Manager sollt dat spéiderhin am Dossier vermierken: ”Pitot schlief teilweise am Arbeitsplatz ein und war auf Anfrage des Vorgesetzten nicht ansprechbar”. En Industriezweig deen dem Tim sou onnëtz virkomm ass wéi d’Comptabilitéit an der Schoul déi en zu där Zäit besicht huet. Onnëtz, onmënschlech, onkreativ, onglamouréis. Eppes fir Maschinnen.
An dat war seng Mamm fir hien. Eng Fra mat wéineg Gefiller, fir hien an am grousse Ganzen. Gefëmmt allerdings huet se wierklech gär. All Stonn zwou Zigaretten an der Fëmm-Paus. Viru Joere waren déi nach bezuelt. Do konnt ee rausgoen a soulaang wéi ee wollt d’Zone Industrielle ukucken. Wéi se verkeeft, verschafft an handelt a wéi hir Parkinge voll an eidel ginn. Hautzedaags geet dat net méi. Am Laf vun de Joere gouf rationaliséiert. Mat de Manager koume Moossnamen a mat de Moossname goufen di läscht human Ecker vun Zigarettendamp gerengegt. Mat Fordismus an enger elektronëscher Kaart, fir ëmmer Duerchzuch. Europa ass mi grouss ginn, vill nei Länner koume bäi, vill nei Marché’en. Fir d’Leit vu Bartreng huetsech andes wéineg geännert, just dass d’Fëmmpause méi deier goufen.
Hien huet et gehaasst, dat Fëmmen. E konnt et net ausstoen an eigentlech war et him nëmme Recht sou. Di Leit fëmmen a kënne einfach sou rausgoe, ginn nach bezuelt dofir a beschwéieren sëch och nach. Dovun ofgesinn ass e Raum vollerZigarettendamp alles anescht wéi human an et ass jo wuel nëmmen normal, alles dat, Mama. Dat war natierlech och en Deel vun dem Tim sénger Rebellioun. Ganz egal wéi d’Richtung ass, et muss de Géigendeel sinn. Seng Richtung war déi vum Net-Fëmmen, vum Schaffen. Net wéi wa seng Mamm net géing schaffen, sécherlech net. Mee di Art a Weis wéi se opginn hat a wéi se dat Scheitere verteidegt huet. Wéi se lues a lues an eng Positioun gerutscht ass déi duerch an duerch konservativ der Zukunft entgéigegesat war. D’Erweiterung vun Europa, all di Leit aus dem Osten, alles dat huet hir Angscht gemaach. Di Leit waren dohannen, a Polen, an Estland an a Rumänien, arem, bereet ze schaffen, an dem Tim seng Mamm wosst dass dat elle géif ginn.
Di Angscht hat natierlech e Grond. D’Firma hat oft genuch kloer gemaach wou di nächst Joer géingen higoen. Och wann d’Dateveraarbechtung net komplett verschwanne sollt, sou wéi d’Prepress e puer Joer virdrun, sécher war dass d’EU hir Dokumenter net éiweg géing op Bartreng schécken. D’Manager hu betount dass se all géingen dovu profitéieren. Onsécher war, wee genau domat gemengt war. Di nächst Joer: effektiv, effizient a kompetitiv. Délocalisatioun, en einfacht Konzept.