No der Mesa waren se op d’Paräisser Plaz gaangen, an d’Bar iwwert dem Audio-Geschäft. Hie war nach ni do gewiecht mee et war genau dat nodeems et vun ënnen ausgesinn huet. D’70er op 200 m2, donkel, modernistesch a stéckeg. Et war iwwerdriwwe gäil. Dat sollt ee sou net denken duecht den Tim mee den Alter vun der Klientel huet de Jugendlechen an him rausbruecht. E sot dem Ale e géif et exzentresch fannen, dat wir gudd an huet gegrinst. Et huet amfong Alessandra geheescht mee séng Kolleegen hunn dat als ze laang ëmpfonnt. Se hu sëch bei d’Fenster gesat a Gedrénks bestallt wéi wann se an den 20er gebuer wiere mee, et huet sech richteg ugefillt. “Gefällt et der hei? Et gehéiert méngem Monni. E léisst aus Prinzip keen ënnert 40 eran, fill dech geéiert.” “Dat sinn ech, dat sinn ech.”
De Bléck op d’Banke vis-à-vis, op de Buer an di kleng Café’en an déi séng Grousseltre gaange sinn, et huet alles besser ausgesi wéi et war. An am Hannergrond, de Boulevard Royal, hannen d’Arcelor. An der Nuecht, hannert de grousse Fënstere waren d’Faarwe vill mi warem, et haat eppes vu 35mm. Muss wuel den Zigarettendamp sinn. Impressionéiert an ëmgi vun hellem Damp dee fir heiteg Verhältnisser geféierlech intensiv war souzen se sëch liicht nervös an ahnungslos géigeniwwer. Den Damp koum aus laange wäissen Zigaretten déi vun Dammen mat Stil a wéineg Kierpergewiicht an d’Luucht gehale gouffen.
hun et virun Aan