Pitot IV

“Dat heiten ass fir ëmmer Mann!”, den Änder war sech sëcher. “Dat gëtt sou gäil, hei um Handgelenk. Mee Dude, et wäert sou wéi doen.” “Wéilaang dann?” “Ma eng Woch normalerweis.” “Hmhm”

Den Tim huet dat anescht gesinn. Fir d’éischt emol huet et e genervt dass den Änder säi Virnumm de sportleche Leeschtunge vun de Schleck-Bridder upasst. Eigentlech heescht en Andy. An dann di Saach mat der Onendlechkeet. Sech op d’Éiwegkeet beruffen ass dach éischter eng riskant Saach. D’Endlechkeet ass oft méi no wéi een denkt a virun allem erkennt ee se réischt wann se sech aktualiséiert huet. En afréiere vun der momentaner Gléckseelegkeet déi e Jugendleche wéi den Andy un engem reguläre Freidegowend empfënnt mëcht wéineg Sënn duecht den Tim wou e beim Comptoire gewaart huet. D’Gefill ass perfekt mee elusiv, rar an onméiglech ënnert der Haut ze späicheren. Et feelt schlussendlech de Plang fir d’Gefill erëm ze fannen. Ass et net besser sou e Plang opzeschreiwen?

A wann et den Ausdrock vun der eegener Individualitéit ass? Och déi ass gebaut ouni je fäerdeg ze sinn, d’Tätowéierung ass ëmmer just eng Photo a kee Film. D’Identitéit awer ännert sech, sou wi déi vun enger Natioun. Ze mengen et wier elo gutt, et wir Rou oder et hätt ee séng Plaz fonnt sollt net stëmmen. Dat verbitt d’Moud, déi vun de Kleeder an déi vun den Idee’en. An dat ass vläicht guer net mol sou schlecht. Weess een dat ass et liicht d’Spuer ze wiesselen, sollt engem ieren dronke ginn. A wisou net mol rëm méi Zäit mat dem Wesentleche verbréngen, wisou net mol rëm eng Jever-Reklamm kucken?

Well ee kéint eppes verpassen. Den Tim huet dat Gefill all ze gutt kannt, dat Gefill vum ze spéitkommen. Wat huet et en zum Beispill genervt dass en ni am 911 op e Punkconcert oder helleg Owend ni am Café Diva war. Esouvill verpasste Party’e mat elektronescher Musék a Schwemmen. Reiheweis Privat-Partyen, onzähleg Concert’en an onerreechbar Muséksstiler hunn ugefaang a sinn zu Enn gaang ouni dass hien do war. Souvill Subkulture vun deenen en nëmme gelies huet. E wier sou gär derbäi gewiescht. Wat en amfong gesicht huet war eng Plaz. En Doheem. An tatsächlech, fir e kuerze Moment hat e gemengt soueppes fonnt ze hunn.

Wann ee sech sou emkuckt op der Plaz virum Café um Eck dann ass et e waarmt Gefill vu Familiaritéit wat ee fillt. Et ass all Mensch do. Well all Mënsch do ass sinn déi di net do si keng vun eis duecht den Tim a war a Gedanke bei all deenen Ausgestoussenen, deenen aarme Sai. Déi amfong keng ware mee dat ass am Moment net opgefall. Mat dem Liguri stung en op dëser Plaz, bei dësem Café um Eck an trotzdem abseits de Leit. Un enger Mauer ugelehnt well dat méi lässeg ass a well een d’Nët-Fëmmen kompenséiere muss sot de Liguri gelangweilt: “Mann…souvill Tätowéierter hei. Di kommen all iwwert d’A3. S’krass.” “Wat ass krass?” “Majo keng Ahnung am Summer war dat nach alles anescht.” Do hat e Recht de Liguri. D’Bevölkerung vum Café um Eck hat sech geännert, war mi grouss ginn, méi expressiv, ass mi fréi komm a milaang bliwwen. Ëmmer méi bis ewéi gesot all Mensch do war. Natierlech hu sech ëmmer Leit fonnt déi behaapt hu se wiere scho säit laangem komm, och wann den Tim an de Liguri wossten dass dat net sou war. Mee am Café um Eck war och Plaz fir d’Blender.

An och wann di zwee oft do waren a matkrute wéi en eidele Summer zu engem iwwerfëllte laange Fréijoer gouf sinn se ni richteg derbäi gewiescht. Se hunn de Leit nogekuckt, Jonge mat Krauselen, Meedecher mat Leggings a vill Leit matKaputzejacketten a ware frou do ze sinn mee kannt hu se der wéineg. Do waren di Jonk op der Plaz mee si stunge bei hirer Mauer, owenterlaang ugelehnt well se nach ëmmer net gefëmmt hunn; obwuel se wosste wi cool et wier. Méi derbäi wéi dertëschent. Se ware keng Museker. Och keng Graphiker, sou wéi den Andy. Si blouffe Beobachter, Zuschauer. A wossten dass se keen Deel vum Spill sinn obwuel se gären agewiesselt wäere ginn. A vun Zäit zu Zäit hu se sech Gedanken dozou gemaach a sech gefrot wat een da kéint maache fir dat ze änneren. Vläit méi oft wéi se et lo zouginn. Mee nie huet een hinnen erzielt wéi een an d’Spill erakënnt. Se wosste just dass een net driwwer schwätzt.

One Response to Pitot IV

  1. An ëmmer erëm muss ech hei op d’Knéien falen. Grandios. Ech weess, dat ass net immens, sou als Feedback. Méi bei engem Gedrénks, iergendwann.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Connecting to %s