We might as well fail: Yeeh

En ass virun e puer Méint ënnert dem Numm Rock-Doc gewise ginn a leeft säit dem 6. Mee am Utopolis. Respekt scho mol dofir.

Mee Respekt och fir e Film dee mer déi Biller gewisen huet déi ech ëmmer gesicht hunn. Ech wollt Jugendlecher iwwert hir Zukunft schwätzen héieren an ech wollt Net-méi-sou-Jugendlecher héieren iwwert hir Chancen diskutéieren. Dass de Film eng définéiert Period beliicht, nämlech de Summer 2008 ass intressant well een di deemoleg Situatioun mat haut vergläiche kann a sollt, et huet sech nämlech verschiddenes geännert. No enger gudder halwer Stonn huet mäi Sëtznoper bemierkt dass kee géing am Film laachen. Domat huet en net Onrecht, eng prekär Situatioun bei Miaow Miaow, eng dohindümpelndCarrière bei ET an de schlussendlech läschte Concert vun defDump zeechne kee Bild vun enger vitaler Szen mat grousse Chancen. An dach…

De Film bréngt eriwwer wéi d’Musek, méi wi d’Musekscarrière souguer an dem lëtzebuerger Klima iwwerliewe kann. Och wann di dräi Bands eng méi wi oppen Zukunft hunn, sou hunn se awer eng gudd Vergangenheet. Ze schnell vergësst ee wou defDump iwwerall waren ier se opgehaal hunn. Dat ass iwwregens en nationalt Verhale wat net nëmmen an der Musek ze fannen ass, mer denken do nëmmen un d’Enttäuschung wann d’Schlecken - alt erëm - nëmmen Zweet gouffen.

Mir hunn hei eng gewëssen Idee vum Succés an deen ass keen, sou denke mer wann en net och e finanziellen ass. Ass Plaz am Tourvan fir e Plang B? Oder hätten d’Elteren hinnen och kënnen direkt soen dass se dono Schoulmeeschter ginn? Einfach mol awer probéieren ass net di eenzeg Äntwert.

Dat op alle Fall sinn e puer Froen déi gestallt ginn. Mee et ass net nëmmen déi Diskussioun déi ech wollt gesinn, et sinn och déi epesch Biller vun Eternal Tango um Bolzplatz, der Dekonstruktioun op der Schmelz an de Biller vun de Stroossen am Süden. D’Schlusssequenz op der Fouer, dem Lëtzebuerg en miniature wou all d’Acteuren aus dem Film sech treffen ass sou sënnvoll wéi se nëmme kéint sinn. Eng Plaz wou sech all Mënsch trëfft a jugéiert a wou ee muss Rechenschaft oflee’e fir séng alljoerlech Aktivitéit, wou ee vläit Gléck huet. Oder net.

A mëscht een de Verglach tëscht 2008 an elo, da gesäit et jo guer net mol sou schlecht aus. Nei Labels, Bands, Studio’en a Produzenten hei am Land loossen op eng professionaliséiert Zukunft hoffen. We might as well fail fillt sech vläit u wéi Hierscht, mee lo ass Fréijoer!

2 Responses to We might as well fail: Yeeh

  1. Haha, ech war de Film e Samden Owend um 00.00 kucken an mer waren grad mool zu 2 am Kinosall. Dat hun mer dun och ausgenotzt fir all Lidd mat ze sangen. Oofgesin vum Ennerhalungswert as mir effektiv och zimmlech séier opgefall dat am Film tatsächlech keen e Clown gebufft huet. Dat as jo an der Rei, ech laachen jo och léiwer am Keller. Wat mech awer méi genervt huet as dat et am Fong alles zimmlech flaach war. Ob dat lo un dem Interviewer oder de Gruppen an de Charaktären selwer leit, kann ech net beurdeelen, mee et as menger Meenung no e bessen wéineg fir Leit ze filmen déi sech (bessen iwwerspetzt formuléiert) op eng “Kee Plang”-Weltsicht beschränken. Wann dat an der Tat de But vum Film soll sen, dann entsprecht et vlaicht just net menger Weltsicht. ;)

    Hät vlaicht bessen méi Punk, DIY an Idealismus (vlaicht een seriöen Interview mat Mutiny on the Bounty) erwaard, an net den Turn op Musék maachen och kann eng Karriere ersetzen.

  2. Pingback: » We might as well fail: Yeeh

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Connecting to %s