Eranzekommen ass ganz einfach. Op e Container, iwwert Holzbarrikaden, heiansdo mat Leeder mee meeschtens duerch e Gelänner. Am Ufank huet et iwwerrascht wi wéineg Widderstand d’Baustelle leeschten mee amfong ass et liicht ze verstoen. Et ass net wi e Baamhaus deem séng Plaz firdéicht geheim gehale gi muss fir d’Konstruktioun z’erméiglechen. Et besteet net d’Gefor dass d’Jongen aus der aanerer Cité komme fir d’Holz ze huelen oder den Territoir ze besetzen. Och musse selte Garden agesat ginn. Den zivilen Ëmstänn ass et ze verdanken dass eng Baustell net beschützt muss ginn, héchstens gëtt vun hir erwaard dass se sech virun hirer selwer schützt sou dass keen sech a Gefor begëtt. Net sou wéi zu Belval wou de Rascht gefaart gëtt, mee méi fir, soe mer, Mëssverständnisser tëscht dem Mënsch an dem Gebai ze verhënneren. Dat gréisstendeels aus Lächer bestoend Gerüst huet wéineg méi wi Holzstrukturen unzebidden. D’Gebai ass nach net artikuléiert an eng Situatioun agoen an där een sech méiglecherweis ouni Buedem weiderbeweege muss ass mëttlerweil ze riskant ginn, et ass een dorun neméi gewinnt.
Den Tim duecht oft dorun dass e géing an d’Déift fale wéi de Wile E. Coyote nodeems en zwee Schrëtt am Näischt goung. Just deen Deel wou en an d’Kamera kuckt an säi Gesiicht verzitt huet an sénger Virstellung gefeelt. Wann en un de Schluss vum Gedanke koum an deem e komescherweis ëmmer vun uewen op sech erof gekuckt huet, souguer di faal blo Luucht an d’Geräisch vum Opprall an de Stëbs ronderëm e war ganz kloer viru séngem Aan, dann huet e säi Kapp gehuewen a séng Aan opgerappt a säi Bléck no fir geriicht a wéi an dëser Nuecht op di aaner Gebaier gekuckt an deenen baal alles donkel war.
Hie stoung ganz uewen, op engem sechsten oder siwente Stack. Op dem Buedem louchen Neel an de Reen vum spéiden Owend hat de Beton nach net verlooss. Et war kill elo, hei uewen, an déi kleng Distanz déi se zréckgeluecht haaten, am Trapenhaus wéi och an deem wat eigentlech net erlaabt ass hätt sou zimmlech jiddereen als sënnlos bezeechent hätt en net, wéi hien an de Jules an e klengen Deel vun deenen aanere Jonken dat Gefill vu grousser bloer Langweil kannt wat anhiergeetmat dëser Plaz. An de Jules dee beim Ubléck vun dem Boulevard a sénger schéiner wäisser Markéierung gegrinst huet a frou war huet en ugekuckt a sot: “Dat hei ass fäin.”
Net dass si di eenzeg wieren déi dës Langweil kennen, sëcher net, all Mënsch kennt se an di meescht ginn iergendwéi domat eenz. Mee éischter well si, hien an de Jules an all déi di en dozou geduecht huet dee staarken Drang hunn dogéint unzekämpfen, well se sech einfach net wëllen domat offannen. Den Tim huet oft doru gezweifelt, och wa ronderëm en alles kloer war. Säi Problem war dass en et net gesinn huet, heinsto war ëm d’Fro einfach sënnlos an him ass opgefall dass déi am meeschte Problemer mat dem Beäntwerte vun der Fro haaten déi se sech iwwerhat gestallt hunn.
Momenter an deenen e sech verluer huet a sénge Gedanke ginn et der vill an et si Momenter an deene grad zevill Sënn do ass déiem am meeschte Suerge maachen. Well zevill Méiglechkeeten do sinn, zevill Leit a Stëmme mee séng net an och (et seet ee wuel) Empfindunge vun aanere Leit mee säi Problem, deen deen ëm Suergen an a leschter Zäit méi a méi Angscht mëcht, dat ass di Desorientatioun an deem grousse Ganzen.
En huet iergendwann an dëser Fréijoersvakanz opgehalen e Plang ze hunn an eng Reaktioun ze denken an huet (an dat sot en och dem Jules ier se rëm rof goungen) am Moment keng Ahnung.