Et ass em dach ze oft virkomm wéi dee Cube an deem een donkelblo an ni alleng séng Linnen zitt. Et wollt een do si fir um Enn vum Dag den Test ze bestoen. Mee fir sénger Selwer kennen ze soen, Jo, haut hunn ech eppes vollbruet, dofir muss et méi sinn. Dofir muss ee méi ginn.
D’Péng vun der eegener Linn am Déifblo kann ee vergiessen, do läit net de Probleem. Obschons et wéi deet, op de Säiten, an ee liicht gëtt, tëscht den Aan, mäin eegene Rythmus, dee kann ech goen, dofir muss ech mech net ploen. Mee wann ech otmen a vun hannen een Arm säi Kierper zitt. Méi no, gläich mat mir a virun ons eng Mauer. Ech sprangen no fir mee d’Waasser ass déck, looss mech net zweifelen, ech muss dach hei gewannen.
Muss een dann ëmmer drop bestoen, dee Kampf mat dir an déngesgläichen. Wou kommt der hir a wat stéisst ierch erop, wat bréngt Ierch heihin a wéini hällt dat op? Ech gouff net domat gebuer, et luch ni a ménger Natur fir trotzdeem de Wee ze goen an den Drang vum Wannen a mer ze droen.
A sou bleiwt mer nëmmen nozekucke wéi méng besse Loft mat Angscht am Bloe verschwënnt a klenge Bullen, ech mech selwer net kann ausstoen well ech déi besse Loft déi mer blouw fir Ierch an net fir mech geotemt hunn. D’Uewerfläch duerchbrecht se an hannert mer just puer Bloose vu Mutwëllegkeet mee den Toun an d’Roserei héiert dach ënner Wasser souwisou nie iergendeen.
Ze behale wat ech hunn, dat ass mer schwéier well och dir nëmme koumt fir nach méi ze kréien.
Dofir deet et just wéi bis och ech gesinn, dass dir näischt weider wéi d’Waasser sidd duerch dat ech mech zéien, an dir sidd wat ech drenke wann ech keng Loft méi hunn a schlussendlech, wann ech erausklammen, da sidd dier scho fort.
Well ech einfach besser sinn, an deem Sport.