Story erzählt, Thema verfehlt.

Entries categorized as ‘Uncategorized’

Samosa

October 16, 2009 · 6 Comments

Ech war iessen, nepaleesëch, op d’Gare. De Vegetable Samosa war sou gudd wéi ëmmer an um Gin Tonic huet ët och nët gefeelt. Am Restaurant, an deem – opwuel ët Freiden Owend ass – kee sëtzt, dréint sëch alles ëm eis, kloër… mir sinn déi Eenzeg. Déi Frëndlëchkeet an déi Dédicatioun schénge baal schon onubruecht. Du hues Angscht an eng theatralësch post-imperialistësch Samosa-Szen geroden ze sinn. An dobäi ass de Béier mol nach nët um Dësch. Natierlëch wëlls de nët dass de extra behandelt gëss, schliesslëch wëlls de Authentizitéit. Ëmmerhin, du bass nët an dee Restaurant zwëscht dem Aarbëchtsamt, dem Café Océanie an deem quasi-russëche Quartier komm fir do iergend en Touriste-Bullshit zervéiert ze kréien. Du wëlls de verdammt nepaleesëche 6000-Meter-iwwer-dem-Mieres-Niveau-Samosa.

An ëch krut ën. An dono goung ëch Heem, angenehm ugeheitert vun deene 660ml Cobra-Béier an dem Gin-Tonic. Dat ass ëmmer dee Moment an deem dër d’Liewen a perfekter Balance erschéngt. Dee Moment zwësche Restaurant an deenen 0,5 bis 10 Stonnen dono. Du denks un all déi Méiglëchkeeten déi den Owend der nach bidd: brong, blond, vläit souguer hellblond…

Währenddeems de iergendwéi ëmmer méi aggressiv gëss no 3 Episode Seinfeld wëlls de endlëch rem raus. Endlëch an den Auto, Musék héieren, Parkplaz sichen an iwwert de Pavé an de Café goen. Hoffen dass een do ass. Also checks de däin Outfit. Du kucks dëch am grousse Spigel am Gank. De Polo sëtzt, d’Box och. Bon, keng weltbeweegend Kombinatioun mee ët huet Niveau. D’Jackett zwar nët mee déi kanns de jo schnell ausdoen, ass souwéisou ze waarem dobannen.

Am Auto drécks de op dee lächerlëch groe Knäppche vun der miserabler Blaupunkt-Recycling-Radio-Anlaag an hoffs dass de sou schnell wéi méiglëch Sing fënns. Coffee&TV ass e gudd Lidd, dat dono och mee du wëlls Sing. De Piano, ëmmer rëm Piano an déi Stëmm. Du hues ët haut nach nët héieren an alleng dat ass eng Frechheet. Genau an deem Moment wou d’rout Luucht virum Boulevard Royal op rout schalt héiers de di éischt epësch Täkt. Alles ass perfekt, nët quasi oder baal oder zimmlech mee perfekt. Du spiers den Adrenalin am Réck, wéi en duerch däi Kierper geet. Et fillt sëch u wéis de denks dass et wier wanns de géings Drogen huelen. Natierlëch hëlls de keng mee du hues eng zimmlech gudd Virstellung wéi ët kéint sinn. Du gesäis de Strom vun Autoen déi iwwert de Boulevard Royal Richtung Bréck fueren. Roud a blo a wäiss Autoen déi vill ze schnell ënnert de vill ze giele Stroosseluuchte Richtung Gare fueren. Du empfënns d’Schéinheet vun der Situatioun. D’Musék ass, wahrscheinlëch, ze haart, méi wi 0,5 Promill sinn ët mëttlerweil och schon an am Café ass wahrscheinlech keen deens de kenns. Sou wéi läschte Weekend. Mee mer liewen an engem Zäitalter vun de Méiglëchkeeten an deene wëlls de wéinstens eng Chance ginn. Di Virfreed muss jo fir eppes gudd sinn.

Et gëtt gring, du parks an trëppels laanscht d’Justiz-Playmobil-Buerg an deem Sëcherheets-Typ mat dem däitsche Schäferhond an du denks: näischt. A gees weider. Riicht virun der gesäis de 20 Leit virum d:qliq stoën. Musék héiers d’och. Du wees wat lo kënt. An du solls Recht behalen. 20 Minuten drop stees de dobaussen, den zweete Béier an der Hand. D’Musék war ok mee nët eng Séil do déis de kenns. Se sinn all an Däitschland, an England oder an der Belge an dat eenzegt wat bleiwt si Leit déi wierklëch schaffen. An sou schwetz de vläit mat engem Muséker, probéiers eppes Positives ze soën. Jojo, de Clip war dach nët sou schlecht. Neenee, du hues Recht. Jo, dach. Ech versti wat’s de sees. An da gees de. Frustréiert. Du hues d’Méiglëchkeeten nët gesinn an, natierlëch, gëss de dem Land d’Schold. Du denks der, oh Lëtzebuerg ass langweileg. T’ass keng Sau hei. Du gëss tatsächlëch engem ganze Land d’Schold fir däin Owend. Du fiers Heem an dréins nach en Tour ronderem de Block well Sing nach nët färdeg ass an denks der, Virfreed ass fir Loser.

Categories: Uncategorized

Domo Arigatoo M. Deonto

October 21, 2008 · 4 Comments

Ech kommen gëschter Owend heem, mir ware bowlen, kee Stress wäit a breed. Ech sëtzen also nach kuerz am Living, wollt mech um Lafenden halen a zappen duerch méng News-Bookmarks. NYTimes, Monde an last and least RTL.lu. Anscheinend koum et zu engem Drama an eisem soss esou friddleche Land, Leit hu geschoss, Leit si gestuerwen. Faits divers vun, ech ginn et zou, dramatëschem Ausmooss. Drama, dat kenne mer aus dem Theater. Dësen Akt huet um Parking vun der Luxexpo stattfonnt, et war allerdings och de läschten fir d’Haaptroll… (more…)

Categories: Uncategorized

Blogathon: eng Première

October 17, 2008 · Leave a Comment

De Chris, veréierte Member vun der nationaler Blogsphär a gläich Contributeur op dueblem Posten, rifft Iech op: Matmaachen beim éischte lëtzebuerger Blogathon!

D’Thema ass Afrika, wee wëll partizipéiren deelt him de Sujet vu séngem Bäitraag mat, sou lossen sëch Iwwerschneidungen verhënneren. Weider Detailer ginn et natirlech an dem entspriechende Post op Pianocktail, DÄR Adress fir Kino- a Musék-News (elo och mam Thorben).

Categories: Uncategorized

D’RTBF géint Een

October 11, 2008 · Leave a Comment

Den Zebra läit vis-à-vis vun den Halles St. Géry. Dräi Meter Pavé trennt de Café vun der fréierer Maartplaz. Gehaasst wéinst dem schlechte Service, ëmsou méi veréiert wéinst dem Thon-Bréitchen. Dass et DAT bescht ass, dat kann ech als méng onparteiëschst Meenung bezeechnen. (more…)

Categories: Uncategorized

MARDI: WEI HU MER ET?

October 7, 2008 · 3 Comments

Et ass Dënschden, 10 Auer. D’Aktualitéit verlaangt e Bléck op d’Marché’en. Währenddeems de Krach 40 (Libé) no kuerzer Montée rem ganz liicht verléiert wëll sëch d’Panik vu gëschter, an et war eng weltwäit Panik, nach nët lee’en. Et gouff méi wéi ee gudde Grond, den asiatëschen Raum ass, dat war z’erwarden, an der Nuecht vun e Méinden op en Dënschden mat starken Verloschter opgestan, d’Boursen kruten sech Ënn der Sessioun opgeriicht, den Nikkei zum Beispill limitéiert de Schued an bleiwt bei -3,03 %. (more…)

Categories: Uncategorized

Relaunch: Dir wart hei

October 2, 2008 · 6 Comments

Säitens dem Lëtzebuerger Wort gouf et dës Woch e grousse Changement, hire Site Wort.lu ass redesignt ginn a gouf Mëtt der Woch lancéiert. Quasi zäitgläich mat engem wesentlech méi gréisserem Relaunch, deem vun der Libération. Ech wëll och net vill Wierder verléieren, just e klengen Tour iwwert déi zwou Säiten dréinen. (more…)

Categories: Medial · Uncategorized

USA: den Iwwerbléck viru Mëtteg

September 26, 2008 · 2 Comments

Di grouss Marché’en schléissen um Owend vum 25. September performant of, d’Haapt-Thema bleiwt den Kar-aus-dem-Dréck-zéi-Plang vum Paulson. Mat bis zu 700 Milliarden US-Dollar soll moros Aktiva opkaft ginn, Balast oofwerfen, grouss Seegel opzéien. Effektiv waren Meldungen vun engem Accord opkomm, en ausräisereche Grupp Republikaner huet d’Hoffnungen op eng schnell Léisung awer an de Wand geschlo, aner Strategien ginn also de Moment nach analyséiert. (more…)

Categories: Uncategorized

RTL mengt en hätt eng Sonndeszeitung

September 21, 2008 · 8 Comments

De Moie sinn eng Onmass Monokelen a Martiniglieser gefall nodeems den RTL an enger narzisstëscher Aktioun en weideren Deel vu séngem Relaunch gelauncht huet. Dobäi ass RTL Aanzeien no baal an dat doudescht Mier gefall wat sech Clickgäilheet nennt. Doud well vill ze versalzt. (more…)

Categories: Uncategorized

Rentrée blogalle

September 17, 2008 · 1 Comment

Et ass halwe September, et geet rem lass. Dat gesäit ee schon um grammatikalësch-fiktiven Titel. Effektiv léisst di massiv Motivatioun et zou un Produktivitéit ze denken an, ënnert de richtegen Ëmstänn, fir d’Veröffentlechung vun e puer klengen Artikelen ze suergen. Ongeféier sou vill Artikele wéi Sonnestonnen. (more…)

Categories: Uncategorized

Anonymous/March15/Bruxelles

March 15, 2008 · Leave a Comment

Eng kléng crosspromotionell Annonce: Op méngem Photoblog sinn d’Biller vun der zweeter Demonstratioun vun der Gruppéierung “Anonymous” ze gesinn. Déi war de Mëtten zu Bréissel bei der Bourse.

Prädikat: EPIC.

Categories: Uncategorized
Tagged: , , , , ,