Fir d’éischt huet et um Been gekribbelt, kuerz drop huet sech d’Gesiicht enorm waarm ugefillt. Gläichzäiteg huet en äiseg Fiichtegkeet um Réck gespuert. Wand ass duerch seng Hoer gaang, wou sinn ech duecht en an huet d’Aen opgemaach. Do ware Beem, zwee Vëlo’en louchen am Grass mee, do war och e Mënsch niewent ëm. E Mënsch wéi hien, déportéiert an ahnungslos, zesummegerullt wéi e Foetus. A beim Ubléck vun dësem a vun der Festung iwwert dem Dall an dem Kierchbierg ënnert ëm wousst en dass et Zäit war ze goen. War et net souguer geféierlech hei ze bleiwen? Virun dem Marmorblock, hei op dëser Wiss déi se gëschter Owend ageholl haten, zesumme mat de Bitterati. Véier Gestalten zu deenen den Tim am Moment guer keng Meenung hat.
“Li, ‘t ass Zäit. Se kommen.” “Ween? Sinn d’Russen do? Ass et souwäit?” Sou abwesend war en also net, “jo Mann, se komme mat hire Fraen a si schlecht ugedoe, mer musse fort.” De Liguri stoung op a sutz kuerz drop um Vëlo,”Café mäin Häerz?”, an den Tim huet guer net missen äntweren.
Op der rouder Bréck war Beruffstrafic, normal fir dës Auerzäit, et war halwer 8. De Wand awer huet d’Jonge Richtung Stad gedréckt a bei der leschter rouder Luucht virun der Bréck hunn se op de grousse Braquet gewiesselt. Duerch seng Kopfhörer huet den Tim Blue Monday héieren an op der Busspuer war onendlech vill Plaz. De Stau a Richtung Stad huet se wéineg beandrockt, just geleeëntlech huet den Tim e Bléck op d’Leit geheit, just fir ze wësse ween do dra sëtzt a wi sou e Mënsch ausgesäit. Tell me how does it feel?
D’Sonn huet scho gedréckt wou se de Boulevard Royal erofgefuer si mee am Schied vun de Banke war et äiseg an de Fahrtwand huet Tréinen aus den Aa gedréckt. Zwëschent Autoen a Busser hu se sech duerchgedréckt, mat Liichtegkeet an Eleganz sech virum Wand verstoppt ouni je Moment ze verléieren. Aggressiv hu se d’Spueren an de Rythmus gewiesselt. Luuchte vu verstéierten Autofuerer hunn um Aluminium-Kader geblénkt, ëmmer just sou laang bis se hannert dem nächsten Auto houngen. Ukomm sinn s’um Quai 1 virun der Post an den héige Bols huet hier Hänn ziddere gelooss wou se d’Vëloe virum Bar Américain um Aldrénger ofgestallt hunn.
Et ass e Gefill vun Heemkommen, sou wéi wann een all di Leit an de Costumer géing kennen an dësem éiweg donkle Raum. Den Tim huet oft probéiert sech an hir Lag ze versetzen, wou se schaffen, wat se maachen, ob se Angscht hu virum Dag. Mee et war opmanst Respekt deen e virun dëse Leit hat. Méi nach, Angscht virun deene Fraen a Männer déi eng Roll fonnt haten an se Dag fir Dag verteidegt hu well si déi richteg dofir waren a sinn, sou schoung et him. Well, och wann et net fir haut oder muer wier, sou géif d’Zäit kommen an där ee misst wielen, iergendeppes. An den Tim hat eng kleng Virahnung dass et géing schwéier ginn, och wann et net fir haut wier. Och wann dëse Moie sou liicht war.
“Haas de rëm Angscht gëschter Owend?”, de Liguri koum mam Café, “ech hunn iech nogekuckt, dir an dem Anna. Leeft dat net? “”Viru 4 well ech net iwwer Frae schwätzen, dat weesse dach. Wat huet den Damien der erzielt?” “Iwwer Berlin, keng Ahnung, souvill Lëtzebuerger géinge lo kommen an dat géif en déck sucke well dat lo sou den Hype wier.” De Pitot huet eraus op den Aldrénger gekuckt, blo a wäiss Busser, d’Passante mat hire Gratiszeitungen, all gounge se duerch eng wonnerbar fréi an hell Luucht an den Tim duecht just kuerz u Berlin an un den Damien a sot, d’eidel Aan nach op den Aldrénger geriicht: “Dee Vull”.