2001

Hei ee Passage aus enger Guardian-Review wëll dat an deem Rayon alles seet wat néideg ass:Like a major bank, like a marriage, Bleeding Edge is an idea too big to fail – at least, not without grand-scale disillusionment. As if this had burdened Pynchon with the task of keeping the investors sweet, he supplies regular perks external to the story, mainly in the form of intellectual flattery. “All night long, not a shadow in the neighbourhood. Talk about nessun dorma,” is a typical invocation: it requires no understanding of the allusion, but invites the reader to bask in a sense of shared refinement. “I have always depended on the kindness of stranglers” is a gag designed to give the more bitter reader (who, again, needn’t understand the line’s real meaning) the thrill of cultural mastery – a sense of what it would be like to be so clever you can diss Tennessee Williams’s sincerity at will.” – The Guardian

E wuelbekannten Amazon-Algorithmus huet mer et einfach gemaach no The Circle mat Bleeding Edge weider ze maachen. Den Algorithmus erkläert wisou ech Bleeding Edge no The Circle gelies hunn a wisou et mech inhaltlech genau sou intresséiert huet. E Succès also fir di sympathesch amerikanesch Firma déi hiren erstaunlech klenge Sëtz am Gronn bei der Uelzecht huet. Et freet ee sech wéi esou eng offensichtlech kleng Firma (235 salariés) esou e grousst Assortiment op engem weltwäite Marché ubidde kann, mee dat ass eng Fro fir en aaner mol.

Bleeding Edge spillt am zweeten an drëtte Quartal vum Steierjoer 2001 an et geet och, jo, ëm Internet. De Circle ass wéi gesot eng relativ linear an deterministesch Extrapolatioun vun deem wat ka geschéie wann mer weiderhi sou eescht maache mat där Internet-Saach. Et mëcht virun allem opmierksam op di sozial Evolutioun déi sech mam Transparenz-Discours établéiert, an dat an der noer Zukunft. Den Hannergrond vu Bleeding Edge awer ass d’New Yorker Post-Dotcom-Crash-Era. Kuerzlieweg Firmen, Hacker, Venture Kapitalisten, eidelstoend Bureau’en an Zesummebroch. Dobäi komme spaasseshalber och divers Regierungs-Agencen, sou schléift d’Protagonistin mam amerikaneschen Agent an ësst héich-caloreteg Glace mam Russeschen. Et geet ëm Siten an hir Technologien aus där Era déi sech awer vill wéi anachronistesch Synthese vun 2013-er Internet-Theme ufillen an dowéinst méi si wi just d’Erënnerung u Phemoner aus enger Zäit wou lycos déi beschte Suchmaschinn war.

Ee sou en Objet, deen eng grouss Roll spillt als Technologie mee och als däischtert Spigelbild vum benotzerfrëndlechen Uewerflächen-Internet dat sech zu där Zäit mat oppenen Ärm un de Konsument riicht ass d’Behandlung vum Deep Web, wat jo deen Deel vum Internet ass deen net vu Suchmaschine-Crawler indexéiert ass an deemno net sichbar ass. D’Protagonistin erreecht den Deep web mat enger Software déi staark u Second Life erënnert, mat 3D-Avatar deen sech a besotem Deep Web ka ronderembeweege mee och Kontakt zu aanere User kann ophuelen. Gläichzäiteg ass di visualiséiert Welt ouni Passwuert onaccédéierbar an zerstéiert hir Spuere well se permanent vun engem Server op en aanere spréngt, eng Charakteristik déi staark un dat aus Aktualitéits-Grënn bekannt Tor-Netzwierk erënnert. Alles dat wat sech an der Ënn vum Tor-Netzwierk befënnt, wéi de rezent agestallte Site silkroad huet wéinst senger Onkontrolléierbarkeet, senger absoluter Fräiheet an der domat agebauter Kriminalitéit sëcher en Androck beim Pynchon hannerloos.

Do derniewt kommen awer och aaner zäitgemäss Referenze fir. D’Protagonistin – weiblech, +- 40 a vu Beruff Fraud Examiner – freet sëch op déi Zäit an däer et e Site “like Napster for videos” wäert ginn. Esou kommen eng Rëtsch Referenzen un aktuell Web-Firmen ënner, ouni awer iwwert eng gewësse Back to the future-aarteg Qualitéit erauszekommen. Rand-Figure bleiwen och d’Hacker déi méi a Form vun Humankapital optrieden a manner a Form vun Idee’en. Se bleiwen Instrumenter, am beschte Fall Handwierker, déi awer net méi ze maache schénge wéi Regaler an Dëscher opbauen (den CSS vs. Table Design ass e recurrente Gag). Et sinn op alle Fall net déi Createuren an Ingenieuren déi d’Welt an Zuelen iwwersetzen an déi Soziales quantifizéierbar maachen. E Passage, deen ech aus der wéi ëmmer exzellenter LRB-Review klaue kann dat villäicht ënnersträichten :

‘You know what, last year when everything collapsed, all it meant was the nerds lost out once again and the jocks won. Same as always.’

‘What about all these nerd billionaires in the trades?’

‘Window dressing. The tech sector tanks, a few companies survive, awesome. But a lot more didn’t, and the biggest winners were men blessed with that ol’ Wall Street stupidity, which in the end is unbeatable.’

D’Stëmmung sou direkt nom dotcom-Crash ass méi an der urbaner Landschaft vum New York ze spieren an deems sech Bleeding Edge ofspillt wéi an dem Zeitgeist vun deene Computer-Mënschen déi hei invoquéiert ginn. Et ass méi d’Szenerie vun de Stroosse, kierzlech geraumte Bureau’en an schwaach frequentéiert Ex-Szene-Café’en déi d’Stëmmung maachen (d’Gentrifikatioun gëtt reegelméisseg ugeschwat). Dat Element wat am radikalsten Androck mëcht, niewt deem de skurril Bond-Vilain-aartege Gabriel Ice wéi eng Mickey Mouse wierkt, dat ass de virdrun ugeschwaten amerikanesche Geheimdingscht-Agent. Säi Liewenslaf besteet aus agressiv ëmgesate Staatsputschen a Süd-Amerika a soss entzwouch fir d’Schierbelen no neoliberalem Grondplang opzeraafen a séng Hänn am Staat ze behalen. Et ass eng konspirativ a krass Duerstellung vun deem wat wahrscheinlech wierklech esou geschitt ass; Chicago-Boys, Chile, Argentinien a sou weider (hie gëtt deelweis als ‘neoliberal terrorist’ bezeechent). Dat ass dat radikalst wat d’Buch ze bidden huet an et huet näischt mam Internet ze dinn.

Bleeding Edge bleiwt mer enger Erkläerung schëlleg. D’Firmen, d’Hacker an d’Technologie sinn just de Setting fir eng soss ganz ënnerhalsam däischter Investigatiouns-Story mat vill onduersichtege Referenzen. An der Mëtt vum Buch passéiert 9/11. Déi Säiten déi deem follegen si staark, net nëmmen an hirer Reflektioun vun all deem Konspiratiouns-Shrapnel. Mee och well kloer gëtt dass d’Internet, mat senge Kaale-Krich Wuerzelen, nëmmen eng weider Struktur ginn ass déi et méiglech mëcht détachéiert, schnell an haarde Business opzebauen:

‘… And there’s no innocence. Anywhere. Never was. It was conceived in sin, the worst possible. As it kept growing it never stopped carrying in its heart a bitter-cold death wish for the planet.’

Déi Perspektiv vum Internet déi de Pynchon proposéiert, och wann et dat antikt Internet vun 2001 ass, déi verlaangt kompletten Détachement an eng Mémoire déi ënnerscheede kann tëscht dem Virdrun an dem Dono. Wat mir feelt, dat ass d’Gefill vun däer Zäit virun dem sozialen Turn. D’Keime vun deem wat zesummegewuess ass fir di Struktur ze ginn déi elo net méi fortdenkbar ass, déi elo keng Alternativ méi ass, dat sichen ech. Ech weess net ganz wisou ech dat dodra fanne wollt. Vläit well ech esou domat ëmgi sinn dass et mer mëttlerweil schwéier fällt et vu baussen ze gesinn. Villäicht och wéinst dem Algorithmus. Vläit muss den Algorithmus besser ginn.

Leave a comment