1995

An engem bréisseler Eck-Café op der breeder Avenue Louise, opgebaut nom angelsächseche Coffeeshop-Modell, ass d’Landschaft oniwweraschend ähnlech der Landschaft vun ähnlechen Etablissementer an aanere Capitalen, grousse Stiedt an eigentlech mëttlerweil och klenge Stiedt an – wisou och net: Ettelbréck.

D’Halschent vun der Populatioun schwätzt ënnert sech, di aaner Halschent schafft um Laptop an di gesamt Populatioun kuckt a reegelméissegen Intervallen op e Smartphone. Keen ass nëmme beschäftegt mat dem Ëmfeld, all Mënsch ass gläichzäiteg beschäftegt mat diverse virtuelle soziale Räim. Also diversen Netzwierker an diverse Configuratiounen, professionneller, net-professionneller a sou weider. Déi Räim fuerdere multi-level governance vun dem User, et ass e weidert Element an der Renconter vun zwee Leit am Café deenen hir Interaktioun ëm souvill Layer’e méi räich gouff. Mee dat alles iwwerrascht eis net. An den Tram’en, déi zu Bréissel a verschiddene Quartier nach dee spezielle 70’er Flavour matbréngen ass d’Situatioun ähnlech. Nëmme wéineg Leit consultéiere kee Smartphone während der Rees, di meescht hu permanente well  bezuelbaren Internet-Accès an notzen d’Zäit fir Content ze kucken an d’sozial Netzwierker ze consultéieren. Och dat iwwerrascht keen. Et si Joeren hir dass dat een iwwerrascht hätt. Souguer d’Beschreiwung vun där Situatioun langweilt well een se scho sou oft gesinn huet. Et war awer net ëmmer esou.

1995, virun 18 Joer. Windows 95 a 26k Modem. D’Internet war arid deemols, onbewunnt. Keng Firmen, keng Suchmaschine, keng Reklammen. Ausser den amerikanesche usenet-Diskussiounen a Kanner déi Telefons-linne manipuléiert hunn näischt soziales. An alles immobil, gebonnen un de Bureau. D’Prozedur war ëmständlech an et war deier. Kee massive user-generated content, kee Wikipedia, just eenzel Websäite, manuell gemaach. Keen Toun, kee Video, just Biller, Faarwen an Text. Keng 3D-Visualisatiounen, keng Slideshows, kee Live-Stream, weder Audio nach Video. Kee grapheschen oder typographeschen Design, keng ronn Ecker. Keng Ecker. Keng sozial Netzwierker agebonnen an aaner Siten déi Contenu vun aanere soziale Site weisen. Keen Online-banking, keng location-enabled services. Keng Satellite-Kaarten. Keng Youtube-Lächer, keng Memes, keng Online-Popularitéit. Keng Hënn, keng Kazen, keng Fauldéieren a keng Geessen um Internet. Kee Porno. Keng Norichten a gottverdaamt keng RTL-Commentairen.

Mee dat just zur Aleedung. Ech hunn The Circle gelies, dat läscht Buch vum Dave Eggers. Et geet ëm Internet.

An der Kategorie vun de klasseschen Dystopien fënt et sech gudd erëm, alles baséiert op enger propperer Extrapolatioun vun der heiteger Technik, virun allem am IT-Beräich, dat heescht also Kamera-, Chip- a Sensor-Technik. Mee och algorithmesch Evolutioun. Opwuel, beim zweite Gedanken ass deen Aspekt mol keng Extrapolatioun, et kéint ee wahrscheinlech di am Buch beschwaten technesch Entwécklunge relativ gudd realiséieren, ouni vill weider technesch Entwécklung, opmannst net am algorithmesche Beräich. Eigentlech bréicht et just méi kleng Kamera’en, de Rescht gëtt et u sech schonn. D’Extrapolatioun ass méi am soziale Beräich. Mee ier ech dozou kommen war mäi Gedanken en aaneren. D’Geschicht ass wi gesot um klassesche Modell opgebaut, tëscht U- an Dys-topie, wéi een t’hëllt. Et ass dat wat mer haut hunn héich zwee, mat clevere Kombinatioune vu schonn existéierenden Technologien. Et ass eng relativ stabil an duerchaus wahrscheinlech Extrapolatioun, ouni Iwwerraschungen eigentlech, ouni Déviance, eng schéi propper Linn an d’Zukunft. Dat ass eng Art a Weis Science-Fiction ze schreiwen. Et ass eng Méiglechkeet ze weise wéi d’Zukunft kann ausgesinn, schéi linear, wéi e Businessplang. Technologie lénks, Individuell Fräiheete riets, wéi comptabilité à partie double.

An et huet mer gefall di Welt z’exploréieren un där hirer Realisatioun eppes a mer wéineg zweifelt. Mäi Besoin an d’Zukunft ze kucken – mat der Vitesse déi d’Technologie elo huet a mat hirer sozialer Verännerung a klengen onkloere Schrëtter – dee kritt Satisfaktioun mat däer Perspektive. Mee ech hunn en aanere Besoin dee méi grouss gëtt an deen esou e Gedankenexperiment net uschwätzt. Ech hunn, well ech e jonke Mënsch war wou di Saach komm ass, d’Entwécklung dovu materliewt, Schrëtt fir Schrëtt. Et koum ëmmer ee Layer drop, liicht a schnell vergiessen Evolutiounen. A wat ech als Mënsch brauch deen elo, baal 20 Joer dono liewt a wëll wësse wou e liewt, wou e sech befënnt, an der menschlecher Geschicht, wat e soll uffänke mat deem Internet, dat ass net esou vill ze wësse wéi d’Zukunft ausgesi wäert. Et ass éischter wéi d’Vergangenheet ausgesinn huet. De Probleem läit doran dass et mer einfach schéngt d’Zukunft ze zeechnen, ech awer keng Erënnerung un d’Vergangenheet hunn.

D’Mae, e jonkt Professionnelt wat réicht säit kuerzem an engem 0815 Bureau op enger langweileger Plaz bei Fresno schafft kritt d’Méiglechkeet bei de Circle schaffen ze goen. Déi Firma, déi an engem Zäitalter no Facebook existéiert ass eng Mëschung aus läschterem, Google, Apple, diverse sozialen Netzwierker (ënnert aanerem twitter, youtube) an eigentlech allem wat et sou vu Startups gëtt. Et ass eng Firma déi – a klassescher kapitalistescher Logik – den zukünftege Monopol vun enger onreguléierter Industrie ass an déi och deementspriechend Pouvoir’en ausübe kann déi ee villäicht am beschten u Google erënneren. De Campus vun The Circle erënnert u Menlo Park oder Mountain View, et ass en Amalgam vu béidem, mee, wéi seng real existéierend Pendant’en ass et eng Plaz à part vun der traureger Realitéit déi en ëmgëtt. Et ass ëmmer nach d’Bay Area a Silicon Valley, wat net sou schlëcht ass. Mee trotzdeem ass di konzentréiert Rengheet vu senge Bewunner oniwwertreffbar a säi Fonctionnement an engem wonnerbaren a kraaftvollem Equiliber. Dogéint wierkt esouguer Kalifornie wéi e Slum, wéi eng drëtt Welt-Experienz wi d’Mae iergendwéi seet.

Der jonker Fra hiren Opstieg an der Firma schéngt esou stabil a viirgezeechent wéi den Determinismus vun der Technologie mat däer d’Firma hir Muecht multiplizéiert. Den Informatiouns-Monopol deen hinnen zugronn läit ass net vun däer onspierbarer Gréisst di mer haut scho fäerten. Et stell ee sech éischter dat fir wat mer mëttlerweil vun der NSA kennen, mat der hëllefräicher Additioun vun all de medezineschen Donnée’en an, iergendwann och dem Aa-Liicht, alles a konstantem kristallkloerem Livestream.

“What happens when they control all searches, and have full access to all data about every person? When they know every move everyone makes? If all monetary transactions, all health and DNA information, every piece of one’s life, good or bad, when every word uttered flows through one channel?”

Et gëtt di eng Angscht déi domat verbonnen ass, d’Angscht virun deem wat geschitt wann een aus dem System erauswëll well ee keng Loscht méi huet oder well een eppes gemaach huet. Dat ass immédiat an een Event, sou ze soen. Sou eng Aart Annihilatioun mat engem roude Laser-Schoss wéi a Logan’s Run. Mee dat aanert, dat wat konstruktiv ass a wat permanent dirigéiert ass genau sou intressant. An der sozialer Welt vum Circle ass all Mensch hyper-sozial an deelt alles.

“Secrets are the enablers of antisocial, immoral and destructive behavior. … They’re cancerous when kept within us, but harmless when they’re out in the world.”

Dowéint muss alles gedeelt ginn. An a ville Sënner ass dat jo haut schonn de Fall. Et gëtt esou vill méi gedeelt wéi nach virun e puer Joer, mee mer kënen den Ënnerscheed net méi maache well d’Evolutioun sou konstant war. Esou vill Saachen déi een net matgedeelt hätt, net ausgefëllt hätt. Wouhir et néideg ass ze wësse wéi et virun e puer Joer war. Alles tendéiert dozou méi ze deele wéi bis elo. An et gëtt e Punkt, e real existéierende Punkt, wou de System et dann erméiglecht déi feelend Informatioun ze calculéieren. E recurrent Thema beim Circle ass d’Zentralisatioun vun Informatioun a Form vun Datebanken. Dat ass den éischte Schrëtt vun der Industrie. Zentraliséieren a connectéiere wat nach net beienee geluecht gouff. An dat analyséieren. Den zweete Schrëtt ass et méi Donnée’en ze capturéieren, mat neie Sensoren. Am Buch geschitt dat mat Handgelenk-Bänner déi medezinesch Donnée’e erfaassen an an d’Cloud schécken. An natierlech Video-Kamera’en déi een iwwerall hilee’e kann.

Däer Geschicht läit fundamental näischt Neies zugronn an et kann ee schonn erkenne wat sech als Grond-Struktur hannert dem Circle verstoppt. Kamera’en, keng Geheimnisser, permanente Livestream? All Mënsch gesäit all Mënsch a kontrolléiert sech géigesäiteg. Et muss een un dem Bentham säi Panopticon denken an un dat wat de Foucault doraus a Surveiller et punir gezunn huet, also déi disziplinär Dispositifen. Et ass u sech och just d’Extrapolatioun vun deem wat geschitt wann all Mënsch Google Glass huet. Eng Welt mat Gesiichts-Erkennung a permanentem video-feed, alles connectéiert, ni offline. De Panopticon, ween et vergiess hätt, ass natierlech e Prison.

An u Bentham hunn ech och missen denke well d’Idee vum utilitaristesche greater good sou staark hannert deem ganze stëcht. Et ass fir eis all besser wa mer dach nëmme géingen alles kontrolléieren, alles digitaliséieren, alles quantifizéieren. Alles wir steierbar an näischt dem Zoufall iwwerloos. Mat däer Technologie entsteet parallel en neien Discours deen alles wëll gesinn, alles deelen an alles halen – Infocommunism. Dobäi kommen Zieler wéi d’total Eradicatioun vu Kriminalitéit an taaschtbar Distanz. Alles gëtt méiglech. Mat deem klenge Probleem, dee klengen oft négligéierte Probleem vum Opt-Out. Wann d’Netzwierk funktionnéiere soll an d’Informatioun komplett muss sinn, da kann et keen Opt-Out ginn. De sozialen Drock ass ze grouss. A well alles e ranking huet, well alles eng Compétitioun ass an däer een op eemol als Leefer an enger permanenter Course erfaasst gëtt muss een och matlafen.

Di ganz Entwécklung, am Buch wéi an der Realitéit vu méngem Bildschierm huet eng gewësse Schéinheet a Stabilitéit déi ech gudd aschätze kann. Ech kucken der Saach meeschtens net negativ entgéint. Mee et schéngt mer elo schonn onendlech méi einfach mer d’Zukunft auszemole wéi dorun ze denke wéi et war wou dat ugefaang huet. A woumat.

Leave a comment