Aus dem gréngen Heft | Dateschutz / FTT

Et ginn am Moment e puer Fronten op där verschidden EU-Institutiounen mam Dateschutz beschäftegt sinn. Dat si souwuel Äntwerten op d’NSA-Revelatioune mee och Dossier’en déi souwéisou rëm sollten opgeholl ginn.

Vir d’éischt eng Direktiv mat der villverspriechender Bezeechnung 95/46/EC. Dat ass di europäesch Dateschutz-Direktiv aus dem Joer 1995 déi d’Manipulatioun an den Transfert vu perséinlechen Donnée’e reguléiert. Et geet also drëms fir festzestelle wat ee maache muss wann ee perséinlech Date “processed”. Ob, wéi a weem ee muss Bescheed soe wann een dat mëcht. Déi Direktiv ass vu 1995 an 2012 scho gouff vun der Commissioun eng Revisioun fir déi Direktiv proposéiert fir s’un di nei technologesch Ëmwelt z’adaptéieren an zwar an der Form vun enger Regulatioun (GPDR). Enn Oktober gouff am Parlament am LIBE-Comité doriwwer ofgestëmmt, Rapporteur war hei den däitsche gringen MEP Jan-Philipp Albrecht. Duerch 3133 Amendementer huet hien sech kämpfe missen an och wann d’Parlament dohannert steet, sou gëtt et fir dësen Text am Rot keen Duerchkommen. Kierzlech gouff et vum Spiegel en Artikel zu der däitscher Aarbecht a virun e puer Wochen um EU-Sommet zu Bréissel gouff et e Veto vum David Cameron sou dass et relativ schwiereg gëtt den Text an nächster Zäit duerchzekréien. Gëschter am JAI-Conseil (wou och fir d’éischt e Minister vun der neier Regierung Deel geholl huet, cf. Wort.lu) gouff et nach engker méi Indicatioune dat den Text am Moment net wäert duerchkommen (Artikel aus dem EU-Observer a vun der ARD). Net nëmmen Däitschland mee och Schweden an d’Belsch opposéieren sech géint een Aspekt vum Text. Och d’Viviane Reding huet sech dozou ausgeschwat.

Tëscht de Staaten an der EU gëtt et beim Dateschutz e grousse Gruef. Kuerz gesot ass et den Ënnerscheed tëscht staatlecher Regulatioun an enger sektoraler Regulatioun wou all Industrie selwer fir sech entscheed wat se maache wëll. Et ass awer grad duerch eng Industrie déi dorop opbaut perséinlech Donnée’en ze kollektéieren an ze verschaffen dass di ganz Problematik u Gewiicht gewënnt. Well de Wäert vun deenen Donnée’en an d’Luucht klëmmt an hir “Minéierbarkeet” méi wichteg gëtt gewënnt och d’Portabilitéit u Wichtegkeet. Also d’Fro wat ee maache muss wann een eng Datebank weiderverkeeft oder beweegt oder se mat enger aanerer verbënnt, also fir d’Industrie d’Fro wéivill esou Transfert’e kaschte well all weider Regulatioun natierlech Käschte mat sech bréngt, eemoleg a laafender. Fir de User geet et ëm d’Fro a wéiwäit e Kontroll iwwert seng Donnée’e behällt. D’Intérêt’e vum User an déi vun der Industrie treffen also openee, graff gesot.

An di national Regulatiouns-Modeller treffen och openeen. Net all national Dateschutz-Behörd ass nämlecht aktiv a kann déi nämlecht Décisiounen a méiglecherweis Sanktiounen ausschwätzen. Den Direkter vun EDRi, der europäescher Federatioun vun den Dateschutz-NGO’en huet läscht Woch um Telefon mat liicht sarkasteschem Ënnertoun gemengt si géingen sech wonneren dass et besonneg di irlännesch an di lëtzebuergesch Dateschutz-Behörde wieren déi net géinge besonnesch vill Drock maachen, och an Irland hu jo eng ganz Rëtsch Firmen aus der IT-Branche hire Sëtz fir net-amerikanesch Aktivitéiten (a profitéiere gudd vum Double-Irish Dutch-Sandwich, mee dat ass eng aaner Geschicht). Och wann ee keng maliciéis Intentioune bei deenen Agence gesäit ass et einfach sou dass déi an all Land verschidde Méiglechkeeten hunn. De reviséierte Dateschutz-Text probéiert dohir ze harmoniséieren, sou dass all Mënsch an all europäeschem Land eng Plainte kann opginn, och wann d’Firma an Irland sëtzt (dat leeft ënnert der Bezeechnung One-Stop-Shop). Dat ass natierlech e grousse Schrëtt a reell Integratioun mee erfuerdert dass verschidde Länner onbequem Situatiounen acceptéiere mussen.

Nächst Thema. Niewt der Dateschutzdirektiv geet et och ëm eng Décisioun déi zesumme mat där beschwatener Dateschutzdirektiv schafft an dat ass de Safe-Harbor Agreement aus dem Joer 2000. Dee këmmert sech drëm dat amerikanesch Firmen ouni Obstakel perséinlech Donnée’en déi an Europa erhuewe gouffen an d’Staaten transferéiere kënen. Ouni ebe permanent enger Dateschutz-Opsicht Bescheed ze soen. D’Firme mussen sech dofir beim amerikanesche Wirtschaftsministère zertifizéiere loossen an dat all Joer. Intressant ass de Safe-Harbor Agreement elo ginn am Kontext vun den NSA-Revelatiounen. D’CNPD zum Beispill, also déi lëtzebuergesch Dateschutz-Commissioun huet missen iwwerpréiwen op et bei Skype Luxembourg, also dem net-amerikanesche Sëtz vun der Firma déi elo Microsoft gehéiert, ob et bei deenen Unzeechen dofir ginn dass Skype der NSA hëllefe géing d’Donnée’e weider ze transferéieren. Mir kennen d’Geschicht (cf. paperjam I a paperjam II), d’Matdeelung vun der CNPD fënnt een hei (iwwregens mat der zousätzlecher Lettre d’explication). Fir d’CNPD ass et awer net méiglech dat eraus ze fanne well den Transfert, vum Safe-Harbor Agreement couvréiert, an de Staate stattfënnt an d’CNPD nëmme fir de lëtzebuergeschen Territoire zoustänneg ass. Kléngt logesch. Am Europa-Parlament wollten eng Rei Leit Safe-Harbor komplett ofschafen oder et opmannst op Äis lee’en, de Claude Moraes zum Beispill, oder och den Axel Voss. Virun enger Woch gouff et dunn och vun der Commissioun eng Analyse an däer se 13 Recommandatioune ugi fir den Accord ze reforméieren (hannert der Paywall nach e Bäitrag aus dem Brusselsblog vun der FT). Déi ginn och méi oder wéineger wäit a gi vun EDRi zum Beispill duerchaus begréisst.

“… the large scale access by intelligence agencies to data transferred to the US by Safe Harbour certified companies raises additional serious questions regarding the continuity of data protection rights of Europeans when their data is transferred to the US.”

An däer Communicatioun gëtt och de Fonctionnement vum Safe Harbor Agreement am Detail analyséiert an de lëtzebuergeschen Tëschefall mat der CNPD gëtt kuerz ugeschwat.

Zur nämlechter Zäit gouffe vun der Commissioun och Reviews vum TFTP a vum PNR publizéiert déi sëch mat aaneren Dokumenter all hei rëm fannen. Den TFTP, fir Terrorist finance tracking programme, dat ass de Programm fir Fonds’en ze fannen déi fir Terrorismus benotzt ginn an dat funktionnéiert an Zesummenaarbecht mat dem SWIFT-Netzwierk wat jo och vun der NSA ugezaapt gouff. D’Firma déi sech ëm SWIFT bekëmmert huet hiere Sëtz iwwregens zu La Hulpe hei an der Belsch. De PNR, fir Passenger Name Records, ass de Programm fir Flugpassagéier-Donnée’en ze sammelen an den Autoritéiten accessibel ze maachen. Bei béide Programmer gesäit d’Commissioun iwwregens kee grousse Reform-Bedarf. Souvill zum Dateschutz.

Intressant ass och wat an nächster Zäit mat dem Dossier vun der Finanz-Transaktiouns-Steier geschéie wäert. An dem däitsche Koalitiouns-Accord steet déi FTT motivéiert dran, an dat wäert opmannst eng eeler Europa-Deputéiert iwwerrascht hunn. Wat d’Saach elo intressant mëcht ass de Fait dass d’Commissioun sech an engem avis juridique positiv dozou ausgedréckt huet (artikel am Euobserver) an dat e puer Méint nodeems de Service juridique vum Conseil sech kloer dergéint ausgeschwat hat. D’Motivatioun schéngt also rëm do ze sinn. Wat mech awer iwwerrascht ass e Saz am Eu-Observer Artikel: “The UK, which has the largest financial services market in Europe, and Luxembourg, have filed legal challenges to the tax at the EU’s top court.” Ech war eigentlech der Opfaassung Lëtzebuerg hätt just Ënnerstëtzung fir dee recours (mat der Bezeechnung C-209/13) déclaréiert mee sech awer net offiziell dozou associéiert. Dee recours huet iwwregens kee “suspending effect”. Och an dem neie lëtzebuergesche Koalitiouns-Accord ass d’Positioun nach déi nämlecht, d’Regierung ass fir eng weltwäit agefouerten FTT mee keng déi just um europäeschen Niveau agefouert gëtt well gefaart gëtt dass da Kapital ronderëm an aus der FTT-Zone fléisse géing.

Ween sech fir di europäesche Aspekter vum neie Koalitiouns-Accord intresséiert, dee fënnt hei iwwregens ee wéi ëmmer gudde Résumé um Blog/Site vum Europaforum. A schlussendlech nach eng Matdeelung vun de Ressources humaines: an engem wort.lu-Artikel gëtt iwwert de méigleche Konflikt tëscht Nicolas Schmitt a Jean-Claude Juncker gemunkelt. E Kommissär kréie mer souwéisou, mee ass et net wahrscheinlech dass mer niewt deem och en demokratesch legitimen EU-Rots-Präsident kréien? Méiglech wir et. Et schéngt, opmannst vun deem wat een hei héiert ëmmer méi wahrscheinlech dass den EVP-Spëtzekandidat weder Barnier nach Tusk oder Reding heescht. Dat léisst just nach een iwwreg. An dee wäert net bis Mäerz waarde fir dat ze proclaméieren. De Walkampf ënnert den europäesche Partei (-Federatiounen) huet da schonn ugefaang an d’EVP kann net soulaang waarde bis se e Kandidat virstellen.

Souvill vun Etterbeek, zréck op twitter well do kommentéiert de Laurent Mosar elo d’Bundesliga.

3 responses to “Aus dem gréngen Heft | Dateschutz / FTT

  1. Zum Legal challenge vun der FTT: Ech gin dovun aus dass Letzebuerg just eng Interventioun (op allen Fall gett et am moment keen autonomen Recours vun Letzebuerg) mecht dei sech dorop beschränken waert d’Argumenter vun UK 1:1 ze iwwerhuelen. Alles anerschters giff mech wonneren, wann een sou kukt wei d’Regierung sech am allegemengen virun der CJUE verteidegt…

  2. Jo ech mengen och dass den Auteur sech dobäi geiert huet. Wéieng aaner Fäll mengt der do speziell?

  3. Daat bekannsten as natiirlech d’Boursen-Urteel (wou d’Plaidoirie vum Affekot vum Letzebuerger Staat mei eng politesch Argumentatioun war wei pertinent d’un point de vue droit européen). Een besonnescht krasst Beispill as och dat heiten Urteel (http://curia.europa.eu/juris/document/document.jsf?text=&docid=131806&pageIndex=0&doclang=FR&mode=lst&dir=&occ=first&part=1&cid=28726 ) wou Letzebuerg mol net probeiert huet dei offensichtlech diskriminant Reglementatioun ze rechtfertegen (Punkt 50). etc.etc…
    Mais bon, vlait iiren ech mech an d’Juristen vun der ABBL sin mei verseiert am droit européen;)

Leave a comment